Diskussioun:Sichenhaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, Sichenhaff oder Siichenhaff.
Meeschtens fannen ech déi éischt Schreifweis dorëmmer stoen. Weess een do méi? --Cayambe 20:37, 20. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Perséinlech hunn ech d'Tendenz zum Siichenhaff. Ech schwätzen op jiddwer Fall den i laang aus. Wa mer Sichen schreiwe, wéi am Verb, da géif den i kuerz ausgeschwat ginn. D'Grammaire seet fir I,U,O,A : Devant une seule consonne on écrit une simple voyelle. Hei wieren zwéi Konsonanten, deemno duebelen i. D'adjektiv siich (de: siech) kritt op jiddwerfall zwéin ii. (sylabe tonique wéi bei Kiischt). No der Reegel vun den zesummegesate Wierder misst den duebelen i bestoe bleiwen. De Braun schreift allerdéngs Sichenhaff a senger 12. Oplo vun 2006. Et misst een do déi neist mol hunn, well deen ännert seng Meenung vun Oplo zu Oplo. Deemno ass déi vun 2006 och net deen 100% Garant.
Méi Informatioun hunn ech och bis elo net fonnt. Et ass alt erëm eng vun de quokelege Geschichten. --Les Meloures 21:16, 20. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Net laachen, mee ech hunn eng al 45 rpm Plack vum Colette a Fernand (De' Freschen/De Brêdewê an d'Sichegâss), do geet rieds vun der "Sichegaass", mat kuerzem i. En Indiz méi fir de "Sichenhaff"? --
Remoien, de Fernand Théato, Lokalhistoriker vum Pafendall, schreift an alle senge Publikatiounen Sichenhaff, also mat kuerzem "i". --Cayambe 13:24, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Luxemburger Wörterbuch, Bd. 4 (1971-1975): Sichegaas, Sichegrond, Sichenhaff, etc. --Jamcelsus 20:57, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Merci, de Fall schéngt mer elo kloer ze sinn. --Cayambe 21:16, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]