Kierfecht um Sichenhaff

Vu Wikipedia
Kierfecht um Sichenhaff
Um ënneschten Deel vum Kierfecht, a Richtung Pafendall gekuckt
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Pafendall
Adress Rue de Stavelot / Val des Bons-Malades
Fläch 1,4272 ha
Koordinaten 49° 37’ 15.85’’ N
      06° 07’ 58.76’’ O
Gestioun Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg


Monument fir „Ons Jongen“

De Kierfecht um Sichenhaff oder Pafendaller Kierfecht (offiziell Cimetière des Bons-Malades) läit um Sichenhaff am Quartier Pafendall vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.

Um Bord vum Kierfecht, bei der Eisebunnsënnerféierung, steet d'Sichenhaffer Kapell déi dem hellege Péitrus vu Verona geweit ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Sichenhaff, baussent der Festung, stoung vun ufanks dem 13. Joerhonnert bis zirka 1770 d'Leproserie, wou Leit déi u Lepra erkrankt waren, vum Rescht vun der Bevëlkerung isoléiert goufen, fir sou eng Weiderverbreedung vun der Krankheet ze verhënneren. Um Kierfecht deen do ugeluecht gouf, goufen uganks just déi Verstuerwen aus der Leproserie begruewen. Vu 1781 un, wéi keng „Aussätzeg“ méi do gewunnt hunn, konnten dunn all déi Verstuerwen aus der Par Sankt-Méchel do begruewe ginn[1].

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Kierfecht läit um Sichenhaff, ëstlech vun der Uelzecht, laanscht dem Sichegronn. E grenzt am Norden un de Quartier Weimeschkierch an am Nordosten un de Kierchbierg.

En huet d'Kuriositéit, datt en duerch d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen an zwee gedeelt ass.

Monumenter um Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierfecht um Sichenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Einiges vom Siechenhof. Luxemburger Wort, Jg., nº 110, p. 5. (21.04.1941). Gekuckt de(n) 31.10.2021.