Däitsch-Franséische Krich

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Franséisch-Preisesche Krich)
D'Schluecht vu Mars-la-Tour, de 16. August 1870.

Den Däitsch-Franséische Krich vun 1870 bis 1871 war eng militäresch Ausernanersetzung tëschent Frankräich op där enger an dem Norddäitsche Bond ënner der Leedung vu Preisen, sou wéi och mat den alliéirte süddäitsche Staate Bayern, Württemberg, Baden an Hessen-Darmstadt op där anerer (dofir och alt Franséisch-Preisesche Krich).

Den Ausléiser war de Sträit tëscht Frankräich a Preisen ëm d'Fro vun der Kandidatur vun engem Prënz aus dem Haus Hohenzollern op de spueneschen Troun. De preisesche Ministerpresident Otto von Bismarck huet d'Emser Depesche, mat där en doriwwer informéiert gi war, datt de Kinnek Wilhelm I. déi franséisch Demande refuséiert hat, an enger provokant verkierzter Form publizéiere geloss. Dëst huet op béide Säiten nationalistesch Ressentimenter ervirgeruff an de franséische Keeser Napoleon III. den 19. Juli 1870 dozou bruecht, Preisen de Krich z'erkläeren.

Anescht, wéi den Napoléon erwaart hat, hunn déi véier süddäitsch Staaten, mat deenen den Norddäitsche Bond eng Alliance hat, sech op deem seng Säit geschloen a si mat an de Krich gaangen. De Rescht vun Europa huet sech iwwerdeems erausgehalen, well et fonnt huet, den Ugrëff vu Frankräich wier net justifiéiert. Bannent e puer Wochen am spéide Summer 1870 huet Frankräich verluer (zum Schluss bei der Schluecht vu Sedan, 1.-2. September 1870), an den Napoléon III. gouf gefaange geholl. Déi Drëtt Republik, déi sech doropshin a Frankräich forméiert huet, ass mam Krich virugefuer, ier et am Februar 1871, nodeems Paräis belagert a besat gi war, bereet war, zu Versailles e sougenannte Virfridden z'ënnerschreiwen. Offiziell goung de Krich den 10. Mee 1871 mam Fridde vu Frankfurt op en Enn. Dobäi huet Frankräich missen héich Reparatioune berappen, an Elsass-Loutrengen un d'Däitscht Räich iwwerginn.

Iwwer dat Geostrateegegt eraus hat dëse Krich och als Suite, datt et an Däitschland zu enger Eenegung zum Däitsche Keeserräich koum (an de preisesche Kinnek Wilhelm I. - am Schlass vu Versailles - zum Däitsche Keeser proklaméiert gouf), an a Frankräich endgülteg d'Monarchie ofgeschaaft gouf. De Verloscht vun Elsass-Loutrengen huet zu engem joerzéngtelaange Revanchismus gefouert, dee sengersäits ee Grond war, firwat Frankräich sech 1914 an den Éischte Weltkrich gestierzt huet. Eng weider Suite war d'Commune vu Paräis, déi de 26. Mäerz 1871 ausgeruff gouf wéinst innepolitesche Spannungen.

Och d'Ofschafe vum Kierchestaat war e Kollateralschued vum Däitsch-Franséische Krich, well Frankräich, dat e geschützt huet, seng Truppen aus Roum ofgezunn huet, fir s'an de Krich schécken, a sou Italien de Kierchestaat den 20. September 1870 annektéiere konnt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tobias Arand (Hrsg.): Der großartigste Krieg, der je geführt worden. Beiträge zur Geschichtskultur des Deutsch-Französischen Kriegs 1870/71. In: Geschichtskultur und Krieg. Band 2, Universität Münster Zentrale Koordination Lehrerausbildung (ZfL), Münster 2008, ISBN 978-3-934064-82-9.
  • Stéphane Audoin-Rouzeau: 1870. La France dans la guerre. Paris 1989.
  • Arden Bucholz: Moltke and the German Wars of Unification, 1864–1871. Palgrave 2001, ISBN 0-333-68758-2 (englesch).
  • Stig Förster, Helmut Graf von Moltke (Hrsg.): Vom Kabinettskrieg zum Volkskrieg. Bouvier, Bonn/ Berlin 1992, ISBN 3-416-80655-7.
  • Jan Ganschow, Olaf Haselhorst, Maik Ohnezeit, (Hrsg.): Der Deutsch-Französische Krieg 1870/71. Vorgeschichte – Verlauf – Folgen. Ares-Verlag, Graz 2009, ISBN 978-3-902475-69-5.
  • Michael Howard: The Franco-Prussian War. The German Invasion of France, 1870–1871. New York 1961, ISBN 0-415-26671-8.
  • Philippe Levillain, Rainer Riemenschneider (Hrsg.): La guerre 1870/71 et ses conséquences. Bouvier, Bonn 1990, ISBN 3-416-80579-8.
  • François Roth: La guerre de 1870. Fayard, Paris 1990, ISBN 2-213-02321-2.
  • Geoffrey Wawro: The Franco-Prussian War. The German conquest of France in 1870–1871. New York 2003, ISBN 0-521-61743-X.
  • David Wetzel: Duell der Giganten. Bismarck, Napoleon III. und die Ursachen des Deutsch-Französischen Krieges 1870/71. Schöningh, Paderborn u. a. 2005, ISBN 3-506-71791-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franco-Prussian War – Biller, Videoen oder Audiodateien