Schluecht vu Sedan

Vu Wikipedia
Schluecht vu Sedan
Kaart vun der Schluecht
Datum 1870
1. bis 2. September
Plaz FRAFRA Sedan
Resultat Néierlag vun de
Fransousen
Kontrahenten
DEU (1918)DEU (1918) Norddäitsche Bond
Bayern
Baden
Württemberg
Frankräich
 
 
 

D'Schluecht vu Sedan am Kader vum Däitsch-Franséische Krich huet sech den 1. an 2. September 1870 bei der franséischer Stad Sedan ofgespillt.

Déi franséisch Arméi, mat 120.000 Mann a 560 Kanounen ënnert dem Kommando vum Napoleon III., stoung der Arméi vum Norddäitsche Bond a vu sengen Alliéierten (Bayern, Württemberg, Baden...), mat 200.000 Mann a 780 Kanounen ënnert dem Kommando vum zukünftegen däitsche Keeser, dem Wilhelm I. vu Preisen géigeniwwer. Déi däitsch Arméi huet déi Schluecht gewonnen an dobäi den Napoleon III. a seng Arméi no Verhandlunge gefaange geholl.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Déi franséisch Arméi hat ouni Erfolleg versicht déi besat Stad Metz ze befreien, a war dobäi vun der däitscher Meusearméi, dem 1. Bayeresche Korps a IV. Arméi-Korps, bei der Schluecht bei Beaumont den 30. August 1870 ëmzéngelt a geschloe ginn. Wéi dunn nach déi Drëtt Däitsch Arméi, begleet vum Kinnek Wilhelm vu Preisen an dem Kanzler Otto vu Bismarck derbäi koumen, goufen d'Reschter vun der franséischer Arméi bei Sedan agekreest.

Den 31. August 1870 waren d'Arméien méi oder wéineger a Positioun. Den 1. September um 4 Auer moies goung déi eigentlech Schluecht mat Kampfhandlungen (Stroossekämpf) an der Uertschaft Bazeilles lass, an huet sech séier och op aner Uertschaften ausgebreet.

Den Napoleon III. hat sech an d'Festung vu Sedan zeréckgezunn. Wéi do de wäisse Fändel gewise gouf, koum et zu Verhandlungen. E Waffestëllstand gouf festgeluecht bis den 2. September um 4 Auer Moies. Déi Däitsch woussten am Ufank net, datt de franséische Keeser, dee keen direkte Kommando an der Arméi hat, an der Festung war. De Waffestëllstand gouf e puermol verréckelt, iwwerdeems den Napoleon III. an de Wilhelm I., mat ënner anerem dem Bismarck als Tëschenhändler, verhandelt hunn.

Et koum schlussendlech zur franséischer Kapitulatioun.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

D'franséisch Arméi hat keng Mëttele méi, fir Metz ze verdeedegen. Zu Paräis gouf d'Republik ausgeruff an d'Keeserin ass an England geflücht.

De Krich ass nach bis 1871 ënnert der neier III. Republik weidergaangen.

Den Norddäitsche Bond a seng Alliéiert hu sech zesummegedoen, an d'Däitscht Keeserräich ass zu Versailles, mam Kinnek vu Preisen als "Däitsche Keeser", ausgeruff ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nicolas Chaudun, L'été en enfer - Napoléon III dans la débâcle; Arles (Éditions Actes Sud, collection 'Babel'), 2011; 207 Säiten. ISBN 978-2-330-06677-2