Kierfecht Malakoff
Den ale jiddesche Kierfecht a Clausen | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Clausen |
Adress | 12, rue Jules Wilhelm |
Relioun | Juddentum |
Fläch | 13,8 a |
Griewer | 100 |
Ugeluecht | 1817 |
Zougemaach | 1884 |
Koordinaten |
49° 37’ 2.71’’ N 06° 08’ 41.6’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
De Kierfecht Malakoff – och ale jiddesche Kierfecht genannt – läit am Quartier Clausen vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Et war den éischte jiddesche Kierfecht zu Lëtzebuerg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schonn an der Mëtt vum 14. Joerhonnert hu wuel jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou och hir Verstuerwe begruewe goufen.
1817 gouf vun der jiddescher Communautéit en Terrain beim Malakoff Tuerm a Clausen kaaft fir do den éischte jiddesche Kierfecht zu Lëtzebuerg z'amenagéieren. Um Kierfecht stinn eng ronn honnert Griewer mat Opschrëften an hebräescher, däitscher oder franséischer Schrëft.
Am Laf vun der Zäit gouf de Kierfecht e puermol zerstéiert, sief et duerch den däitschen Okkupant am Zweete Weltkrich oder doduerch datt an den 1960er an an den 2010er Joren de Buedem gerutscht an d'Stäipmaueren noginn hunn.
Well um Kierfecht a Clausen keng Plaz méi fräi war, huet d'jiddesch Communautéit schonn 1883 en Terrain um Lampertsbierg kaaft an do am selwechte Joer de Kierfecht Belle-Vue opgemaach, dee méi spéit och nach vergréissert gouf. E gëtt nach bis haut benotzt.
Wéi all aner konfessionell Kierfechter, fält de Malakoff Kierfecht an der Tëschenzäit ënnert d'Kompetenz vun der Gemeng a gëtt vun der Stad Lëtzebuerg ënnerhalen[1].
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]Um Clausener Kierfecht leien eng Partie Perséinlechkeete begruewen, déi sech en Numm an der Lëtzebuerger Geschicht gemaach haten. Dorënner sinn z. B. Membere vun der Godchaux oder Lippmann Familljen.
-
Graf vun der Famill Lippmann…
-
vum Edouard Godchaux…
-
a vum Guetschlik Godchaux.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Agangspaart vum Malakoff Kierfecht
-
E Graf mat hebräescher Opschrëft.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierfecht Malakoff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- François Moyse, Quelques hauts lieux du patrimoine juif, Ons stad 122/2020 (S. 43-46)
- Emmanuel Bulz, L'ancien cimetière juif de Clausen, Ons stad, 22/1986 (S. 22-23)
- Richard Ries, Den ale Juddekiirfech, Ons stad, 2/1979 (S. 10-12)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 1er août 1972 portant réglementation de l'inhumation et de l'incinération des dépouilles mortelles. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 29.04.2021.