Kierfecht am Rollengergronn
Ausgesinn
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Rollengergronn |
Adress | Kierchewee |
Fläch | 1,0843 ha |
Koordinaten |
49° 37’ 23.56’’ N 06° 06’ 17.35’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
De Kierfecht am Rollengergronn, oder Rollengergrënnesche Kierfecht (offiziell Cimetière de Rollingergrund) läit am Quartier Rollengergronn/Belair-Nord vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Kierfecht huet virun der Gemengefusioun vun 1920 zur Gemeng Rollengergronn gehéiert[1].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Kierfecht läit um Wupp vum Kierchewee (montée des Tilleuls), nieft der Antoniuskierch vum Rollengergronn. Wéinst senger Lag am Hang ass en an Terrassen ugeluecht.
Monumenter um Kierfecht
[änneren | Quelltext änneren]Um Kierfecht hänkt eng Gedenkplack als Undenken un d'Affer vum Zweete Weltkrich.
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]-
Jean Soupert a Pierre Notting am Familljegraf Soupert-Notting
-
Grafkapell vun de Famillje Maleingreau d'Hembise a Pescatore
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- ons stad 44/1993 mat enger Rei Artikelen zum Sujet „Kierfecht“
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierfecht am Rollengergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Henri Beck, Bruno Baltzer, Inhumations d'hier et d'aujourd'hui. onsstad.vdl.lu (1993). Gekuckt de(n) 25.10.2021.