Juddentum zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Zu Lëtzebuerg liewen ongeféier 1200 Judden. D'Juddentum spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Nieft der Réimesch-Kathoulescher Kierch, dem Protestantismus, der Orthodoxer Kierch an dem Islam ass d'Juddentum déi fënneftgréisst Relioun. Lëtzebuerg ass dat eenzegt europäescht Land, an deem haut méi Judde liewe wéi virun 1933.

D'Geschicht vum Juddentum zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Ufäng vu jiddescher Presenz zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi geographesch Situatioun vu Lëtzebuerg ass wichteg fir d'Evolutioun vun der jiddescher Gemeinschaft ze verstoen. Lëtzebuerg huet mat Däitschland a Frankräich déi zwee Länner als Noper, déi eng ganz grouss Roll an der jiddescher Geschicht vun Europa gespillt hunn.

Déi éischt Judden, déi an Europa agewandert sinn, hu sech zur réimescher Zäit ë. a. an Italien, laanscht dem Rhône an am Rhäinland niddergelooss. Am fréie Mëttelalter gouf et scho renomméiert jiddesch Gemeinschafte virun allem an der Géigend vun Avignon, Carpentras, Stroossbuerg, York, Worms, Speyer, Mainz, Metz, Troyes, asw. An direkter Noperschaft vu Lëtzebuerg gouf et jiddesch Gemeinschaften zu Tréier, Diddenuewen an Arel.

Déi éischt jiddesch Familljen hu sech ëm 1226 an 1309 zu Arel an der sougenannter Hätschegaass niddergelooss. Dëst Wuert, Hütchen op Däitsch, deit op de Juddenhutt hin, dee si a verschiddene Länner hu missen undoen. Sou ëm 1276 hu sech Judden an der Stad Lëtzebuerg niddergelooss. Dat éischt Dokument, dat d'Presenz vun engem Judd zu Lëtzebuerg beleet, ass vum 5. Juni 1276 an nennt e gewëssen Henri vu Lëtzebuerg, e Judd, deen dem Här vu Bartreng 53 livres de Trèves geléint hat. Mëtt 14. Joerhonnert hu wuel jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou och hire Kierfecht war. Méi spéit, ëm 1367, dauchen éischt Dokumenter op, déi d'Juddegaass an d'Juddepaart an der Stad ernimmen.

Hir Presenz gouf och zu Neuerburg (1309), zu Iechternach a Ließem an der Äifel (1332), zu La Roche-en-Ardenne (1333), zu Damvillers (1345/47), wéi zu Bitburg (1334) a Baaschtnech (1353) dokumentéiert.

Schrecken an Angscht, ënnerstëtzt duerch d'Pescht an hir extreem séier Verbreedung an de Joren 1348-49, huet dozou gefouert, datt Awunner a Westeuropa sech d'Judden als Sënnebéck ausgesicht hunn. All Méigleches gouf erfonnt, wéi zum Beispill datt d'Judde Waasser aus de Pëtzer vergëft hätten. De Karel I. vu Lëtzebuerg, Kinnek vum Hellege Réimesche Räich a Grof vu Lëtzebuerg, huet awer versicht eng tragesch Situatioun ze verhënneren. Sou huet hien de 24. Juli 1349 d'Stater Awunner opgefuerdert, Wuelstand a Besëtz vu Judden ze garantéieren an dëst sou laang ze maachen, bis een hir Schold bewisen hätt a s'och deementspriechend verurteelt wieren, well hie si fir onschëlleg gehalen huet. Wéi wäit Lëtzebuerg deemools vun der schwaarzer Pescht betraff war, ass net ganz kloer. Eng Epidemie gouf et awer an der Géigend vum Barrois a Loutrengen. Et schéngt, datt der jiddescher Gemeinschaft vu Lëtzebuerg an Iechternach awer keng Verfollgung erspuert gouf. Pogromer gouf et wuel och am Hainaut an am Brabant.

Mëtt 15. bis Mëtt 16. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de Burgunder an den éischten Habsburger huet sech d'Situatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg erëm verschlechtert.

Mat 2500 Awunner an enger ganz fortschrëttlecher Lieder- a Stoftindustrie, hat d'Haaptstad vum Herzogtum Lëtzebuerg vill Judde vum Land ugezunn. Mä si waren net viru Verfollgunge geschützt. Am Mäerz 1478 gouf et eng schrecklech Verfollgung: “aux hostelz ou demouroient les Juifz, et illec rompirent leurs maisons, les ruerent de pierres et battirent villainement et apres ce prandirent tous leurs biens et en firent leur plaisir“. Doropshin hunn d'Judden d'Stad verlooss. Am Joer 1515 goufen nach ongeféier aacht jiddesch Stéit an der Stad gezielt.

An de Jore 1516-17 hunn all Judden d'Herzogtum Lëtzebuerg verlooss. De Grond vun dësem Depart ass net ganz kloer. D'Archiven dokumentéiere kee méigleche Pogrom oder eng staatlech Entscheedung, déi dësen Depart erkläre kéint. Mëtt 16. Joerhonnert hunn nach just vereenzelt jiddesch Familljen zu Lëtzebuerg gewunnt, mä am Joer 1532 gouf déi jiddesch Presenz an den Habsburgeschen Nidderlanden, zu deene Lëtzebuerg deemools gehéiert huet, duerch en Edikt verbueden. Déi rar Erwähnunge vu Judden am Herzogtum Lëtzebuerg bezéie sech dacks op hiren Transit duerch Lëtzebuerg.

Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Mat der franséischer Revolutioun ass och d'Emanzipatioun vun de Judden erfollegt: den 28. September 1791 goufen hinnen all déi Biergerrechter zougesprach, déi och dem Rescht vun der Bevëlkerung zougesprach goufen. Duerno huet Lëtzebuerg ënner dem Napoléon I. zu Frankräich gehéiert, dofir sinn och déi franséisch Reegelen a Rechter op d'Judden zu Lëtzebuerg ugewannt ginn.

Kuerz drop, de 14. Juli 1795, goufen alleguer d'Taxen ofgeschaaft, déi d'Judden hu misse méi bezuelen, et koum also zur absolutter Gläichberechtegung tëscht Judden a Chrëschten. Donieft konnten d'Judde sech do ausbreeden, wou se wollten.

Déi éischt Vollekszielung vun de Judde war am Ufank vum 19. Joerhonnert. Deemools huet d'Gesetz vum 8. September 1808 bestëmmt, datt all Famill sech misst e Familljennumm zouleeën, wat d'Judden net ëmmer haten. Zu deem Zäitpunkt gouf et genee 75 Judden um lëtzebuergeschen Territoire: 13 Männer, 15 Fraen a 47 Kanner.

D'Zuel vun de Judden zu Lëtzebuerg ass relativ séier geklommen, well sech d'Judden zu Lëtzebuerg och mat deenen an Däitschland an a Loutrengen zesummegedoen hunn. 1817 gouf deen éischte Juddekierfecht a Clausen ageweit. Ufank vum 19. Joerhonnert huet och d'Noutwendegkeet bestanen, fir e jiddesche Glawenszentrum zu Lëtzebuerg ze schafen. Am Joer 1821 huet d'jiddesch Gemeinschaft zesummen en Haus an der rue du Séminaire kaaft, wat als “bien national” ënner der Revolutioun verkaaft gi war an duerno vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft gouf. An deem Haus ass déi éischt lëtzebuergesch Synagog ageriicht ginn. Si konnt ongeféier honnert Leit empfänken a gouf am Joer 1823 offiziell ageweit. Dëst stoung ënner anerem ënner der Leedung vum Pinhas Godchaux.

1823 bis 1933[änneren | Quelltext änneren]

Mat der éischter Synagog zu Lëtzebuerg huet och fir d'Judden 1823 en neit Kapitel ugefaangen. Wéi Lëtzebuerg am Joer 1839 politesch onofhängeg ginn ass, ass och de jiddesche Consistoire eng onofhängeg Institutioun ginn, an d'Membere goufe vum Ministère erausgesicht.

Déi zweet Synagog 1894-1943

1870 ass dunn de Krich tëscht Frankräich an Däitschland ausgebrach, a wärend der preisescher Belagerung vum Elsass a vu Loutrengen si vill Judden op Lëtzebuerg ugaangen. Dowéinst war déi am Joer 1823 gebaut Synagog geschwënn ze kleng. Am Joer 1876 goufen éischt Demarchë gemaach, fir d'Synagog z'ersetzen. D'Stad Lëtzebuerg krut dat aalt Gebai zeréck, an dofir kruten d'Judden en Terrain tëscht der Neipuertsgaass an der rue Aldringen. D'Aarbechte goufe vu lëtzebuergeschen a belsche Judde bezuelt. Och de Lëtzebuerger Staat huet dat neit Gebai mat finanzéiert. D'Pläng vum neie Gebai stamen aus der Fieder vum däitschen Architekt a Professer Ludwig Levy, an den Architekt Charles Arendt huet d'Synagog, déi am neo-orientalesche Stil entworf war, schlussendlech realiséiert.

Den éischte Steen ass am Juli 1893 geluecht ginn, d'Aweiung war den 28. September 1894. Den deemolege Rabbiner war den Isaac Blumenstein an de President vum Consistoire war de Louis Godchaux, en Nokomme vum Pinhas Godchaux.

Wärend 46 Joer hunn d'Judde friddlech nieft de Chrëschten an der Stad gewunnt an hir Déngschter an der Synagog ofgehalen.

1933 - 1940[änneren | Quelltext änneren]

Wann am Joer 1927 zu Lëtzebuerg 1717 jiddesch Awunner gezielt goufen, da waren et der 1935 schonn 3144. Zanter 1933, wéi den Hitler mat der NSDAP an Däitschland un d'Muecht koum, krut d'jiddesch Gemeinschaft zu Lëtzebuerg vill Zouwuess doduerch, datt vill Judden aus Zentral- respektiv Osteuropa virum däitschen Nazi-Regime op Lëtzebuerg geflücht sinn. An den 30er Jore gouf Lëtzebuerg sou e wichtegt Asyl- an Duerchreesland fir Judden. Virun der Nazi-Invasioun vu Lëtzebuerg, am Joer 1940, hunn ongeféier 3700 Judde am Land gelieft, déi sech op zwou Gruppe verdeelt hunn: lëtzebuergesch an éischter liberal bis assimiléiert Judden engersäits, a méi reliéis an traditionnel Judden op där anerer Säit.

Vun 1933 un, konnt d'Lëtzebuerger Regierung och op dat Gesetz vum 28. Oktober 1920 zeréckgräifen, fir politesch Flüchtlingen, Antifaschisten an Antinazien, iwwer d'Grenz ze setzen.

Vum 30. Juni bis de 25. August 1935 waren am Haff vun der Abtei déi éischt Iechternacher Festspiller. Dës Initiativ goung aus vum 1934 gegrënnten Exiltheaterensembel "Die Komödie" vu jiddeschen Emigranten[1],[2].

1940 - 1945[änneren | Quelltext änneren]

Opmarsch vun Nazië bei der Stater Synagog.
Zu Miedernach huet kee vun de jiddeschen Awunner iwwerlieft.
Erënnerungsplack an der Stater Gare un déi 658 Judden, déi 1941-1943 vun do an d'Ghettoen a KZer deportéiert goufen.
D'Memorial op der Pafemillen (Cinqfontaines)

Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich fänkt den 10. Mee 1940 mat der militärescher Besatzung un a wierkt sech ganz séier och op déi jiddesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg aus.

Den 20. Mee 1940, also zéng Deeg nom Ufank vun der Nazi-Besatzung, gouf mat engem Dekreet festgeluecht, datt all Réistoffer, Iesswueren an Eedelmetaller vu Judde beschlagnahmt gi sollten. Nodeem de Gustav Simon Chef der Zivilverwaltung, CdZ war, sinn d'Judde systematesch verfollegt ginn. Vum 8. August 1940 bis de 15. Oktober 1941 sinn iwwer 2500 Judden aus Lëtzebuerg geflücht, déi meescht an déi franséisch Zone libre a weider duerch Spuenien bis a Portugal[3], obwuel dat zu dëser Zäit scho vun der Besatzungsmuecht verbuede gouf. Anerer sinn direkt an d'Schwäiz, op Kuba oder an d'USA ausgewandert. Dat waren haaptsächlech jiddesch Flüchtlingen aus Westeuropa, dorënner och 1000 däitsch Judden.

De 5. September 1940 goufen och zu Lëtzebuerg d'Nürnberger Gesetzer ugewannt, déi selwecht Moossname géint d'Judde wéi an Däitschland goufen agefouert. All Judd, deen zu Lëtzebuerg gewunnt huet, huet missen eng Verméigenserklärung maachen. Jiddwereen, dee Proprietär vun enger Entreprise war, konnt all Moment gezwonge ginn, säi Betrib ze verkafen oder opzeléisen. Ausserdeem huet jiddweree seng Aktie bannent siwen Deeg bei enger Bank ofgi missen, déi s'als jiddesch markéiert huet. De Judde war et och verbueden Immobiliegeschäfter ze maachen. Am Laf vum September huet d'Verwaltungskommissioun ënnert dem Albert Wehrer eng Lëscht opgestallt mat de polnesche Judden an hire Kanner, déi an den ëffentleche Schoule waren.

Vum 1. Oktober 1940 u goufen d'Judde gezwongen, sou gutt wéi all hir Suen op Bankkontoen z'iwwerweisen, déi du gespaart goufen. Vun do u goufen och Razziae vun der Gestapo gemaach, bei deene Radioen, Bijouen, Vëloen, Schreifmaschinnen, Fotoapparater, Grammophoner, Streckeisen a souguer waarm Kleeder (am Wanter 1942) a Seef beschlagnahmt goufen. D'Kleeder goufe bal alleguer der Wehrmacht iwwerginn.

Den 22. Oktober 1940 gouf déi Ettelbrécker Synagog verwüst. Am Mee 1941 gouf déi Stater Synagog vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an duerno ofgerappt, wat awer bis an den Hierscht 1943 era gedauert huet. Den 3. Juni 1941 gouf déi Escher Synagog dem Äerdbuedem gläichgemaach.

Den 3. Dezember 1940 gouf dat rituellt Schluechte verbueden. Den 18. Dezember 1940 goufen d'Judde forcéiert all hire Besëtz vu Mobilien an Immobilien unzemellen. Vum 23. Dezember 1940 u kruten d'Judde keng allocations familiales a scolaires méi.

De 7. Februar 1941 koum e Gesetz eraus, no deem de ganze Besëtz vun deenen, déi 1940 oder virdrun emigréiert waren, konfiskéiert gi misst. Vum 18. Abrëll 1941 un huet dat och fir déi Judde gegollt, déi nach ëmmer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Dat, wat konfiskéiert gi war, gouf entweeder verkaaft oder vu verschiddenen Organisatioune vun der NSDAP benotzt. Am Fong sollt awer op d'mannst e groussen Deel vun de Sue fir d'Finanzéierung vun der Germanisatiounspolitik zu Lëtzebuerg benotzt ginn, de sougenannten Aufbaufonds Moselland. Am November 1941 goufen all jiddesch Organisatiounen opgeléist an dobäi iwwer 35.000 Reichsmark kasséiert.

De 4. Mee 1941 gouf de Judden all droit de succession oferkannt. Am Juli 1942 koumen nach weider Moossnamen derbäi, déi d'Judde praktesch ganz aus dem ëffentleche Liewen ausschléissen.

Am Juli 1941 huet d'Gestapo op der Pafemillen aus dem Häerz-Jesu Klouschter en Tëschelager gemaacht, dat se zynesch Jüdisches Altersheim Fünfbrunnen genannt hunn. Tëschent Oktober 1941 an Abrëll 1943 goufe 674 Judde vun do an de Getto Litzmannstadt (Łódź), op Terezin an an d'Vernichtungslager op Auschwitz-Birkenau deportéiert. Dëst ass an aacht verschidde Convoie geschitt.

Am Oktober 1941 gouf en Auswanderungsstopp verkënnegt. Zu deem Ament hunn nach eng 700 Judden zu Lëtzebuerg gelieft.

De 16. Oktober 1941 goufen 323 Judde[4] vun der Stater Gare[5] aus mam éischten Deportatiounszuch, dem Sondertransport DA 3 vun der Reichsbahn, an de Getto op Litzmannstadt (Łódź) deportéiert, wou en als Luxemburger Transport agedro gouf. Vun dësen 323 Deportéierten hunn der nëmmen 12 den Zweete Weltkrich iwwerlieft.

Zu Lëtzebuerg hunn nëmme 36 Judden iwwerlieft. Wann een déi Judden, déi zu Lëtzebuerg selwer an déi an de Konzentratiounslageren ëmbruecht goufen an, wéi och déijéineg, déi a Frankräich deportéiert goufe mat arechent, da si wärend der Shoah zu Lëtzebuerg 1000 bis 2500 Judde gestuerwen. Déi meescht Lëtzebuerger hu sech géintiwwer dësen Aktioune relativ passiv verhalen.

1945, nom Krich blouwe vun de sechs jiddesche Communautéiten (Stad-Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Munneref, Miedernach a Gréiwemaacher) der nëmmen nach zwou, déi Stater an déi Escher, déi béid nach haut present sinn.

Nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich ass en neien Israelitesche Consistoire gegrënnt ginn, President war den Edmond Marx. Dëse Consistoire huet dat jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg erëm nei strukturéiert.

Den 28. Juni 1953 gouf déi 3. Stater Synagog ageweit an de 17. Oktober 1954 déi 2. Escher Synagog.

1958 gouf d'Juddemonument zu Miedernach ageweit, als Erënnerung un déi fréier Miedernacher jiddesch Communautéit déi integral ënner der Naziherrschaft ëmbruecht gouf.

An der Lëtzebuerger Ekonomie a besonnesch an der Geschäftswelt hate jiddesch Familljen eng wichteg Roll, wéi z. B. d'Famillje Bonn, Cahen, Finkelstein, Hertz, Levy, Rosenstiel, Sternberg asw.

Den 10. Juli 1998 gouf mat engem Gesetz d'Konventioun vum Staat mat dem Culte Israélite du Luxembourg unerkannt[6].

21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Januar 2013 huet den däitsche Kënschtler Gunter Demnig zu Ettelbréck an der Foussgängerzon eng "Stolperschwelle" geluecht fir de jiddeschen Affer vum Natinalsozialismus ze gedenken. Den 22. Oktober 2013 sinn zu Esch-Uelzecht 14 eenzel "Stolpersteine" verluecht ginn, an de Joren dono och zu Déifferdeng, Suessem, Munneref, Réimech, Gréiwemaacher, Helperknapp an Iechternach.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg.

Den 9. Juni 2015 huet d'Chamber eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där se sech bei der jiddescher Communautéit fir d'Verhale vun Deeler vun de Lëtzebuerger Verwaltunge virun a wärend dem Zweete Weltkrich entschëllegt huet. Dës Resolutioun huet sech op d'Conclusioune vum Rapport La 'question juive' au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies vum Vincent Artuso baséiert.[7] Och d'Regierung huet sech deenen Entschëllegungen ugeschloss.[8]

De 17. Juni 2018 gouf eng Erënnerungsstatu um Boulevard Roosevelt bei der Staatskantinn - der Plaz wou déi éischt Synagog vu Lëtzebuerg stoung - fir d'Affer vun der Shoah ageweit. D'Monument staamt vum franséisch-israeelesche Sculpteur Shelomo Selinger. Um Sockel vum Konschtwierk ass op dräi Säiten en Text agemeesselt, op Hebräesch, op Franséisch an op Lëtzebuergesch: KADDISCH / Fir d'Judde vu / Lëtzebuerg déi vun / den Nazien ëmbruecht / goufen. 1940-1945. De Staat an d'Stad hunn d'Käschte vun 325000 Euro fir dëst Monument iwwerholl[9]. Dee selwechten Dag gouf op der Stater Gare eng Plack devoiléiert, déi un de 17. Juni 1943, de 75. Joresdag vum leschten Zuch, dee Judde vu Lëtzebuerg a KZer an Osteuropa bruecht huet, erënnert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg).

De 27. Januar 2021, um Joresdag vun der Befreiung vun KZ Auschwitz, huet d'Lëtzebuerger Regierung en Ofkommes mat der jiddescher Communautéit ënnerschriwwen, dat d'Entschiedegunge reegele soll fir d'Spoliatiounen, déi zwangsweis Enteegnunge vun de Judden duerch d'Nazie wärend der Besatzungszäit an de 40er Joren. D'Ofkommes gesäit d'Ausbezuele vun enger Millioun Euro un déi Iwwerliewend vun der Shoah vir. Doriwwer eraus kritt d'Fondation pour la Mémoire de la Shoah wärend 30 Joer e Subsid vun 120.000 Euro pro Joer fir hir Aarbecht vun der Erënnerung. De Staat huet och d'Klouschter op der Pafemillen kaaft fir do e Bildungs- a Commemoratiounszentrum anzeriichten. Zwou Milliounen Euro solle bis 2025 an déi wëssenschaftleche Fuerschung investéiert ginn. Och de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale kritt fir 10 Joer 65.000 Euro am Joer zougesprach.[10],[11],[12]

Jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Synagogen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Och wann déi éischt Quellen, déi vu jiddesche Bierger zu Lëtzebuerg bis an d'13. Joerhonnert zeréckginn, sou huet et awer bis an d'19. Joerhonnert gedauert, ier an der Stad déi éischt Stater Synagog gebaut gouf an doduerch déi jiddesch Communautéit och ëffentlech siichtbar gouf. D'Aweiung vun dëser Synagog an der rue du Petit-Séminaire (haut rue de la Congrégation) an der Stad war am Joer 1823. Well dës éischt Synagoge ze kleng fir déi 154 jiddesch Stéit, wouvun der 87 an der Stad gewunnt hunn, gouf 1893 déi zweet Synagog zu Lëtzebuerg an der deemoleger rue Marie-Thérèse (haut Aldringer-Strooss) gebaut. Dës zweet Synagog gouf am Mee 1941 vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an am Hierscht 1943 ofgerappt.

Zu Lëtzebuerg stinn haut zwou Synagogen, déi aktiv benotzt ginn, eng an der Stad Lëtzebuerg an eng zu Esch.

Zu Munneref an Ettelbréck stinn nach Gebaier vu Synagogen, déi haut net méi fir reliéis Zwecker benotzt ginn. Déi Ettelbrécker Synagog gouf 2018 vun der Gemeng iwwerholl, nodeems s'als klasséiert Monument unerkannt gouf[13]. 2019 gouf d'A.s.b.l. Al Synagog Ettelbréck gegrënnt. Si këmmert sech ëm d'Synagog an hir Niewegebaier, souwéi hire pedagogeschen a kulturelle Gebrauch.[14]

Zu Gréiwemaacher ass sou ee Gebai ëmgebaut ginn.

Galerie vun de Synagogen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Jiddesch Kierfechter zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Familljegraf Lippman um Malakoff Kierfecht.

Zu Lëtzebuerg gëtt et fënnef jiddesch Kierfechter, zwéin an der Stad a jee een zu Esch-Uelzecht, zu Gréiwemaacher an zu Ettelbréck.

Deen eelste vun de Juddekierfechter ass de Kierfecht Malakoff a Clausen[15] a gouf 1817 vun der jiddescher Communautéit aus der Stad kaaft. Eng ronn honnert Griewer sinn op dësem Kierfecht. Si goufen an der Zäit tëscht 1820 bis ongeféier 1883/1884 ugeluecht. Well en ze kleng war, gouf de Kierfecht Belle-Vue am Joer 1883 um Lampertsbierg opgemaach. Dëse Kierfecht gëtt bis haut benotzt an ass dee gréisste vu ganz Lëtzebuerg.

De Kierfecht zu Esch-Uelzecht ass 1905 am "Lallenger Deich" opgaangen, allerdéngs huet en aus urbanistesche Grënn missen 1953 an den Norde vun Esch-Uelzecht, op Lalleng verluecht ginn. Virun 1905 hu missen all Judde vun Esch an der Stad Lëtzebuerg begruewe ginn.

Den Ettelbrécker Kierfecht staamt aus den 1880er Joren. Ier dëse gebaut gouf, hunn all d'Judde vun Ettelbréck missen um Clausener Kierfecht begruewe ginn. Bis haut sinn 199 Leit op deem Kierfecht begruewen. 2005 ass d'Yvonne Moïse als lescht do begruewe ginn.

De jiddesche Kierfecht vu Gréiwemaacher läit am Nordwesten am Ausgank vun der Uertschaft, lénks laanscht d'Wecker Strooss op enger Héicht vun 184 Meter tëscht dem Kenneschbongert an dem Grouweréck. (49° 40’ 53.71’’ N 06° 26’ 05.55’’ O) Well Communautéit vun de Judden zu Gréiwemaacher an allgemeng an der Regioun relativ kleng ass, sinn um Kierfecht just 43 Griewer. Déi Gréiwemaacher Judden haten och keng Synagog, mä hu sech an engem Privathaus versammelt. E puer vun deenen do begruewene Famille stamen aus dem Raum Tréier. E gouf 1897 offiziell a Betrib geholl. Déi lescht Persoun gouf 1988 do begruewen.[16] Den 12. Mee 2021 gouf en als als nationaalt Monument klasséiert.[17]

Lëtzebuerger jiddesch Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Zu de jiddesche Perséinlechkeete vu Lëtzebuerg gehéiere sécher d'Rabbiner vu Lëtzebuerg.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.

Donieft gehéieren awer och Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Gesellschaft, wéi de Léon Lippmann, de Gabriel Lippmann, den Alex Bonn, de Paul Cerf, den Edmond Israel, de Guy Aach, den Alain Meyer, de Laurent Moyse asw.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Artuso, Vincent: La "question juive" au Luxembourg (1933-1941) - L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies. Uni Lëtzebuerg 2015.PDF-Download bei gouvernement.lu.
  • Büchler, Georges: Évacuation - Déportation Le premier transport vers l'est, 16.10.1941 / Evakuierung - Aussiedlung Der erste Polentransport, 16.10.1941, erausgi vum Nationale Resistenzmusée, Oktober 2016; Éditeur Op der Lay, 820, 117 S. ISBN 978-2-87967-219-9.
  • Caestecker, Frank and Scuto, Denis: "The Benelux and the Flight of Refugees from Nazi Germany: the Luxemburg specificity." Hémecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. Jg. 68 (2016), Nr.4, S. 389–410.
  • Cerf, Paul: De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale,1980, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 264 Säiten
  • Cerf, Paul: L'étoile juive au Luxembourg, 1986.
  • Cerf, Paul: Dégagez-moi cette racaille, 1995; Virwuert vum Serge Klarsfeld; Éditions Saint Paul, Luxembourg; 111 S. ISBN 2879632153
  • Cerf, Paul an Finkelstein, Isi: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. 1999.
  • Dondelinger, Will, Muller, Arthur, Zeugnisse jüdischen Lebens, Jüdische Bevölkerung in Ettelbrück, Zum Gedenken an eine einst blühende Religionsgemeinschaft, überarbeitet und erweitert von Romain Dockendorf und Théo Krier, A.s.b.l Al Synogag Ettelbréck, 164 S., digital op ISSU, gelies de 5. November 2020* Grosbois Thierry: "Le gouvernement luxembourgeois en exil face à la persécution et l'extermination des Juifs 1939-1945", in Hémecht, 2/2015, 3/2015.
  • Hoffmann, Serge: Luxemburg - Asyl und Gastfreundschaft in einem kleinen Land, 1996; Bäitrag an Solidarität und Hilfe für Juden wärend der NS-Zeit; Metropol Verlag, Berlin; 283 S. ISBN 3926893435
  • Lorang, Mil: Luxemburg im Schatten der Shoah, Éditions Phi, 2019, 199 S. ISBN 9782919791187
  • Moyse, Laurent: Du rejet à l'intégration - Histoire des Juifs du Luxembourg des origines à nos jours, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2011. 288 Säiten. ISBN 978-2-87963-810-2
  • Moyse, Laurent: Between SHADE and DARKNESS - Le sort des Juifs du Luxembourg de 1940 à 1945 / Das Schicksal der Juden Luxemburgs von 1940 bis 1945, Ausstellungskatalog Between Shade and Darkness, erausgi vum Nationale Resistenzmusée 2013, 2. Oplo September 2014, erweidert 3. Oplo Januar 2016, 4. Oplo Oktober 2016; Éditeur Op der Lay, 811, 99 S. ISBN 978-2-87967-188-8
  • Scuto, Denis: Chroniques sur l'an 40 : Les autorités luxembourgeoises et le sort des juifs persécutés, Luxembourg : Fondation Robert Krieps 2016, ISBN 978-2-919908-10-3.
  • Wagener, Renée: Emanzipation und Antisemitismus. Die jüdische Minderheit in Luxemburg vom 19. bis zum beginnenden 21. Jahrhundert. Berlin, Metropol Verlag, 2022, 725 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juddentum zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Rapport final sur les « comptes juifs inactifs »; Annex zum Artikel Spoliation des Juifs : Omertà vum Frédéric Braun, Woxx vum 18. Oktober 2018.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Das Exiltheaterensemble " Die Komödie " und die " Echternacher Festspiele " Walter Jacob und Evy Friedrich
  2. Konferenz vum Germaine Goetzinger iwwer "Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935". Déi Konferenz vum 29. Mee 2018 am Trifolion gouf vum radio 100,7 opgeholl
  3. Virtuellen Ausstellungskatalog vun der Ausstellung "Exposition Portugal et Luxembourg, pays d'espoir en temps de détresse"
  4. Vun den 334 Leit déi op d'Gare beuerdet goufen, sinn der 11 net ugetrueden.
  5. Lorang, Mil: Reise ans Ende der Menschlichkeit, tageblatt 29. September 2016
  6. Loi du 10 juillet 1998 portant approbation de la Convention du 31 octobre 1997 entre le Gouvernement, d'une part, et les communautés israélites du Luxembourg, d'autre part modifiée par la loi du 21 décembre 1998 (code_administratif, VOL 1, CULTES, S. 63-66)
  7. "D'Chamber entschëllegt sech bei jiddescher Communautéit". op rtl.lu, Leschten Update: 09.06.2015, 17:03:51.
  8. "Deuxième Guerre mondiale: le gouvernement luxembourgeois présente ses excuses à la communauté juive." Communiqué op gouvernment.lu. 09.06.2015 (16:46).
  9. Inauguration du monument à la mémoire des victimes de la Shoah à Luxembourg
  10. Signature de l'accord entre le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg et la Communauté juive relatif aux questions non résolues dans le cadre des spoliations de biens juifs liées à la Shoah, gelies den 28. Januar 2021
  11. Jiddesch Communautéit ass zefridde mam Accord iwwer Entschiedegungen, gelies op rtl.lu den 28. Januar 2021
  12. Dani Schumacher, Das Ende einer Odyssee, Der Präsident der Shoah-Stiftung, François Moyse, zum Abkommen zwischen der jüdischen Gemeinde und dem Staat, Luxemburger Wort, 13. Februar 2021, S. 2-3
  13. Schmit Arlette, Die Wiederentdeckung des Davidsterns. Mit der Klassierung der alten Synagog als nationales Denkmal wird in Ettlbrück ein Stück jüdische Geschichte bewahrt., Luxemburger Wort, 22. 1. 2018, S. 31
  14. L'a.s.b.l. "Al Synagog Ettelbréck". Consistoire Israélite du Luxembourg. Gekuckt de(n) 28 November 2021.
  15. Emmanuel Bulz, L'ancien cimetière juif de Clausen, in ons stad, Nr.22, 1986 -Clausen
  16. "Steine, die Geschichten erzählen." wort.lu 13. Juni 2021.
  17. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).