Albert Wehrer

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Albert Wehrer
Gebuer 30. Januar 1895
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Oktober 1967
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Affekot
Famill
Papp Martin Wehrer
Mamm Maria Ludovicy
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Albert Wehrer, gebuer den 30. Januar 1895 an der Stad Lëtzebuerg, do gestuerwen den 31. Oktober 1967, war als Lëtzebuerger den éischte Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA (1952-1967).

Formatioun an Aktivitéite virum Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Wehrer huet zu Genf, Léck a Stroossbuerg Droit studéiert a war duerno als Affekot täteg. 1923 huet hien, zesumme mam Tony Pemmers, d'Conférence du jeune barreau de Luxembourg gegrënnt. Vun 1924 bis 1925 war hie President vun där Vereenegung.

1926 ass hien als juristesche Beroder an den Ausseministère komm. Do huet hie séier Carrière gemaach. Hie gouf als Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg beim Vëlkerbond op Genf geschéckt an huet do Lëtzebuerg an de Sëtzunge vertratt.

1938 gouf e Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Regierung.

Am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Regierung den 9. Mee 1940, op der Flucht virum däitschen Envahisseur, sech an dat alliéiert Ausland ofgesat huet, huet se hie chargéiert, fir als Chef vun enger Verwaltungskommissioun d'Lëtzebuerger Interessen ze verdeedegen[1]. Déi Missioun huet just bis den 22. Oktober 1940 gedauert, well den Okkupant huet hien ofgesat, agespaart an duerno no Däitschland deportéiert. De Gauleiter Gustav Simon soll bei der eenzeger Géigeniwwerstellung den Albert Wehrer ugebrëllt hunn: "Wir sind mit Schuschnigg fertig geworden, wir werden auch mit Ihnen fertig!".[2]

An der Deportatioun hat den Albert Wehrer Kontakt mat enger Rei vun däitsche Resistenzler, ënner anerem mam Carl Friedrich Goerdeler, dem Oberbürgermeister vu Leipzig, deen nom Attentat vum 20. Juli 1944 higeriicht gouf.

Seng Carrière nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Enn vum Krich gouf den Albert Wehrer Chef vun der Lëtzebuerger Militärmissioun (am Grad vun engem Colonel) bei der alliéierter Kontrollkommissioun zu Berlin. Hie war duerno (1949) Gesandten zu Bonn an uschléissend Lëtzebuerger Ambassadeur zu Paräis bei der franséischer Regierung. An där Funktioun war hien un de Verhandlungen iwwer d'Schafung vun der Montanunioun (CECA) bedeelegt.

Den Albert Wehrer war e liberale Mënsch deen no alle Säiten hin op war. Hie war ëmmer gutt gelaunt, huet gär Spiichten erzielt an hat vill Frënn. Während an no senger Paräisser Zäit war hien enk mam Angelo Giuseppe Roncalli, dem spéidere Poopst Johannes XXIII., deen deemools Nuntius a gläichzäiteg Doyen vum diplomateschen Corps zu Paräis war, befrënnt. Wéi deen nach Nuntius zu Paräis war, koum hien och bei den Albert Wehrer op Lëtzebuerg op Besuch.

Den Albert Wehrer ass den 31. Oktober 1967 zu Lëtzebuerg am Alter vu 75 Joer gestuerwen .

Seng Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Wehrer, Albert: Rapport un de Joseph Bech iwwer de Kale Krich, Berlin, 1947, Kuckt
  • Wehrer, Albert: Statut international du Grand-Duché de Luxembourg, an Luxembourg: Le Livre du Centenaire, Imprimerie Saint-Paul, 1948, SS. 35-63
  • Wehrer, Albert: Rapport vum Albert Wehrer iwwer d'Sëtzfro vun den Europäeschen Institutiounen, Lëtzebuerg, 30. Oktober 1950 Kuckt

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg, dréit eng Strooss dem Albert Wehrer säin Numm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
  • Dostert, Paul 2003: Albert WEHRER 1895-1967. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 375-376. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Artuso, Vincent: La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940-1945) - Accommodation, adaptation, assimilation ; Luxemburg-Studien / Études luxembourgeoises 4; Frankfurt a. M. (Peter Lang Verlag), 2013; 394 Säiten (Quellen & Bibliographie: Ss. 369-394). ISBN 978-3-631-63256-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An enger Resolutioun vun der Chamber vum 16. Mee 1940 krut dës Kommissioun e legale Kader a gouf "Regierungskommissioun" genannt, awer schonn den 23. Mee huet d'Chamber se a "Verwaltungskommissioun" ëmbenannt.
  2. Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, S. 69.
  3. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 4,6 Biographie vum Albert Wehrer op de Säiten 22-23 vum BULLETIN DE DOCUMENTATION 23e Année 31 OCTOBRE 1967 N°12 VUM SERVICE INFORMATION ET PRESSE