Op den Inhalt sprangen

Tony Pemmers

Vu Wikipedia
Tony Pemmers
Gebuer 19. August 1893
Dikrech
Gestuerwen 30. Dezember 1933
Dikrech
Alter 40 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Famill
Papp Pierre Pemmers

Den Antoine ("Tony") Pemmers, gebuer den 19. August 1893 zu Dikrech[1], an do gestuerwen den 30. Dezember 1933, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.[2]

1923 huet hien, zesumme mam Albert Wehrer, d'Conférence du jeune barreau de Luxembourg gegrënnt. Vun 1923 bis 1924 war hie President vun där Vereenegung.

Bei de partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 gouf hien als Vertrieder vum Walbezierk Zentrum als Deputéierten an d'Chamber gewielt (bis 1933).[3]

Säi Papp war de Pierre Pemmers.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den Antoine Pemmers op www.deltgen.com
  2. Avis mortuaire. In: Escher Tageblatt, 1934. Jg., nº 1 (02.01.1934), p. 4 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]-
  3. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.