Op den Inhalt sprangen

Partiell Chamberwale vum 7. Juni 1931

Vu Wikipedia

Bei de Partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 handelt et sech ëm Wale fir d'Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament, déi nëmmen an de Walbezierker Zentrum an Norden ofgehale goufen. Och am Süde goufen zwéin nei Deputéiert gewielt.

D'Walen hu siwen nei Deputéiert an Chamber bruecht: de Jean-Pierre Mockel, den Dominique Moes, den Denis Netgen, den Tony Pemmers, den Eugène Reichling a de Jean-Pierre Wenkin. D'Deputéiert Marguerite Thomas, Théodore Boever, Jacques Gallé an Egide Petges goufen net méi gewielt. Den Nicolas Ludovicy, deen zënter 1902 an de Chamber souz, hat net méi kandidéiert.[1]

1928 gouf de René Blum vun der Aarbechterpartei am Südbezierk an d'Chamber gewielt. Dunn hat hien och am Zentrum kandidéiert, mee gouf nëmmen zweeten. No de Walen 1931 huet hie fir de Walbezierk Zentrum optéiert. Doduerch ass de Schëfflenger Buergermeeschter Denis Netgen fir hien am Süden nogeréckelt.[2]

Ënnert den 147 Kandidature waren nëmmen dräi Kandidatinnen. Déi éischt an eenzeg Fra, déi bis dohin an der Chamber souz, d'Marguerite Thomas, gouf net méi erëmgewielt.[3]

Souwuel d'Aarbechterpartei wéi och d'Rietspartei hunn eng Victoire bei de Wale fir sech beusprocht.

Sëtz no Walbezierk

[änneren | Quelltext änneren]
Sëtz no Walbezierk
Partei / Lëscht Zentrum Norden Süden Total
Rietspartei 6 7 1 14
Aarbechterpartei 3 1 1 5
Radikal-Sozialistesch Partei 2 / 0 2
Radikal Partei 2 0 / 2
Baueren- a Mëttelstandspartei / 2 / 2
Onofhängeg Partei 1 / / 1
Fortschrëttlech-demokratesch Partei / 1 / 1
Kommunistesch Partei 0 / 0 0
Total 14 11 2 27

/: keng Kandidaten an deem Bezierk

Gewielt Deputéiert

[änneren | Quelltext änneren]
  1. L'indépendance luxembourgeoise, 9. Juni 1931
  2. Escher Tageblatt, 9. Juni 1931
  3. "Können wir so weiterfahren? Nein und nochmals nein!", in L'action féminine, 15. Juni 1931, S. 5