Théodore Boever
Ausgesinn
| Théodore Boever | |
|---|---|
| Gebuer |
16. Mäerz 1872 Munzen |
| Gestuerwen |
6. September 1946 Klierf |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Bauer, Politiker |
| Partei | Onofhängeg Nationalpartei, Fortschrëttlech-demokratesch Partei |
| Fonctioun | Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Gielercher | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
Den Théodore Boever, gebuer de 16. Mäerz 1872 zu Munzen, a gestuerwen de 6. September 1946 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Bauer[1] a Politiker.[2]
Hie war vun 1919 bis den 19. Dezember 1931 Buergermeeschter vun der Gemeng Munzen.[3]
Hie gouf bei de Wale fir d'Assemblée constituante 1918 a bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierte vum Kanton Klierf an d'Chamber gewielt[4] a gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne [2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Theodore Boever op www.deltgen.com
- ↑ 2,0 2,1 Doudesannonce vum Théodore Boever am Luxemburger Wort vum 7. September 1946 Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 30.11.2014.
- ↑ Memorial N° 63 vun 1931 mat der Publicatioun vun der Demissioun vum Theodore Boever als Buergermeeschter vu Munzen Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 30.11.2014.
- ↑ Noruff op den Theodore Boever am Luxemburger Wort vum 11. September 1946
