Chamberwale vum 1. Mäerz 1925

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 goufe 47 Deputéiert an dat nationaalt Lëtzebuerger Parlament, d'Chamber gewielt.

Resultater [1][änneren | Quelltext änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925
Partei Sëtz
  Rietspartei 22
  Onofhängeg Rietspartei 1
  Onofhängeg National Vereenegung 2
  Aarbechterpartei 8
  Vereenegt Lénksparteien 5
  Onofhängeg Nationalpartei, N.) 3
  Lénk 3
  Onofhängeg Lénkspartei 2
  Liberal Lénk 1
  Aarbechter- a Bauerepartei (S) 0
  Bauerepartei (S) 0
  Onofhängeg Vereenegung (O) 0

N - Bezierk Norden, O - Osten, S - Süden, Z - Zentrum.

D'Rietspartei huet par Rapport zu 1919 fënnef Sëtzer (an domat déi absolut Majoritéit) verluer, blouf awer bei wäitem déi stäerkst Partei. Déi fréier Liberal Liga, déi bis 1919 déi dominant politesch Stréimung an der Chamber war, hat sech 1924 an dräi Splitterparteie gespléckt (d'Radikal Sozialistesch Partei (Parti socialiste radical), d'Liberal Lénk (Gauche libérale) an d'Radikal Partei (Parti radical), déi deementspriechend kee fir si befriddegend Resultat kruten. Och d'Sozialdemokraten (déi sech ewell Aarbechterpartei genannt hunn) konnten net u Sëtzer zouleeën. Allgemeng hu bei dëse Walen eng ganz Rëtsch kleng Parteien oder Gruppéierunge kandidéiert (dacks just an engem eenzege Waldistrikt). Och wa se wéineg bis keng Sëtzer kruten, hu si dach deene "Grousse" Stëmmen ewechgeholl. Nationalistesch Parteien hu liicht u Sëtzer gewonnen.

Well d'Rietspartei keng Koalitioun mat enger Partei wollt agoen, déi géint den Eisebunnsaccord mat der Belsch gestëmmt hat (wat de Grond vum Mësstrauensvote géint déi vireg Regierung war), koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Koalitiounsregierung vun e puer méi klenge Parteien, der Regierung Prüm.

Sëtzer no Walbezierk [1][änneren | Quelltext änneren]

Riets On. Riets On. Nat. Vereeneg. Aarbechterp. Ver. Lénksp. On. Nat. Partei Lénk Onofhängeg Lénkspartei Libeal Lénk
Zentrum 5 - 1 1 5 - - - 1
Süden 6 - 1 6 - - 3 - -
Osten 5 - - - - - 2 -
Norden 6 1 - 1 - 3 - - -
Total 22 1 2 8 5 3 3 2 1

Gewielt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):[1]

Rietspartei[änneren | Quelltext änneren]

Aarbechterpartei[änneren | Quelltext änneren]

Lénkspartei[änneren | Quelltext änneren]

Radikal Lénk Lëscht ("Lénk")[änneren | Quelltext änneren]

Liberal Partei ("Liberal Lénk")[änneren | Quelltext änneren]

Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien")[änneren | Quelltext änneren]

Onofhängeg Rietspartei (N)[änneren | Quelltext änneren]

Nationalpartei[änneren | Quelltext änneren]

Onofhängeg National Vereenegegung[änneren | Quelltext änneren]

Onofhängeg Nationalpartei[änneren | Quelltext änneren]

Deputéiert no Beruff[änneren | Quelltext änneren]

11 Baueren a Wënzer, 11 Affekoten, 4 Eisebunner, 3 Geschäftsleit, 3 Dokteren, 3 Véidokteren, 2 Industrieller, 2 Gewerkschaftssekretären a jee een Notaire, Geeschtlechen, Zänndokter, Drécker, Zigarettefabrikant, Ingenieur, Comptable, Beamten an Transportentrepreneur.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4.3.1925, S.2. (Zentrum an Norden).