Othon Decker

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Othon Decker
Gebuer 24. Juni 1886
Gestuerwen 29. Januar 1963
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

Den Othon Decker, gebuer de 24. Juni 1886[1] a gestuerwen den 29. Januar 1963[2] zu Iechternach[3] am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergeschen Zänndokter a Politiker.

Den Othon Decker war vun Iechternach.

Säi Staatsexame fir Zänndokter huet hien den November 1908 gemaach, zesumme mam Jean Weber vun Ëlwen.

Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Osten an d'Chamber gewielt an duerno wärend 40 Joer all Kéier erëmgewielt. Bis zum 2. Weltkrich huet hie kenger Partei ugehéiert; eréischt 1945 huet hie sech der LSAP ugeschloss[4].

Hie war vum 20. Mäerz 1925 bis de 16. Juni 1926 Generaldirekter (Minister) fir Sozialversécherung an Aarbecht an der Regierung Prüm.

Hie war vun 1914 bis 1960 Kantonalpresident vun de Pompjeeën aus dem Kanton Iechternach[5].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial A no 9 vun 1936 mat derr LISTE GÉNÉRALE des personnes autorisées à exercer dans le Grand-Duché une branche de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache wou den Dr Othon Decker op der Säit 114 op sengem Gebuertsdatum steet
  2. Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.59-60.
  3. (fr)Doudesannonce vum Othon Decker. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (31. Januar 1963). Gekuckt de(n) 2023-06-03.
  4. "Hommage rendu a la mémoire de feu M. le député Othon Decker." Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 1962-1963, Luxembourg: séance du 30 janvier 1963 (17eme séance) C-1962-O-017-0002, S.405-407.
  5. Lëscht vun de Kantonlapräsidente vun de Pompjeeën aus dem Kanton Iechternach
  6. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen