Ernest Lamborelle

Vu Wikipedia
Ernest Lamborelle
Gebuertsnumm Jean Baptiste Ernest Lamborelle
Gebuer 3. September 1880
Veianen
Gestuerwen 28. September 1936
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker

De Jean Baptiste Ernest Lamborelle, gebuer den 3. September 1880 zu Veianen[1] a gestuerwen den 28. September 1936 an der Stad Lëtzebuerg[2][3], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.[4]

Den Ernest Lamborelle gouf de 4. Mee1906 als Dokter zougelooss an huet sech kuerz drop zu Réiden op der Atert néiergelooss, wou en de Rescht vu sengem Liewe gewunnt a praktizéiert huet. Hie war ausserdeem jorelaang Direkter vum neigegrënnte Franziskanerinnespidol, President vun der Association des sages-femmes a Member vum Exekutivcomité vum Roude Kräiz.[4]

Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 fir d'éischt als Deputéierte fir d'Rietspartei an d'Chamber gewielt an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.

Seng Fra Marthe Bassing, déi en 1910 bestuet hat, ass mat just 29 Joer 1919 gestuerwen; si haten 3 Duechteren.[4]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 35 vum 4. September 1880 vun der Gemeng Veianen
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 30. September 1936
  3. "Begräbnis Dr. Ernest Lamborelle" am Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1936
  4. 4,0 4,1 4,2 Den Ernest Lamborelle um site http://gw.geneanet.org
  5. Memorial A N°5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 eng Dekoratrioun am ordre de la courronne de chêne kritt hunn Gearchiveerd op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2014-10-31.