Marguerite Thomas-Clement

Vu Wikipedia
Marguerite Thomas-Clement
Gebuer 17. Mee 1886
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Abrëll 1979
Näerden
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

D'Marguerite Thomas-Clement, gebuer de 17. Mee 1886 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 11. Abrëll 1979 zu Näerden, war eng lëtzebuergesch Léierin a Politikerin.

1917 gouf si mat dem Xavier Thomas bestuet.

Vun 1919 bis 1924 war si Member an der sozialistescher Partei, a vun 1924 bis 1932 an der radikal-sozialistescher Partei.
Den 8. Mee 1919 gouf zu Lëtzebuerg d'Allgemengt Walrecht agefouert dat mat sech bruecht huet, datt och elo Fraen duerfte wiele goen an och gewielt konnte ginn. Bei de Wale vum 26. Oktober 1919 ass si als éischt Fra zu Lëtzebuerg an d'Chamber gewielt ginn. Si war do vun 1919 bis 1922. 1925 an 1928 ass si erëmgewielt ginn. 1931, d'radikal-sozialistesch Partei war an der Opléisung, huet si hire Sëtz an der Chamber verluer.[1],[2]

D'Marguerite Clement war eng Rei Jore Gemengeconseiller an duerno och Schäffen an der Stad Lëtzebuerg.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Et huet du bis 1965 gedauert fir datt mat der Astrid Lulling nees eng Fra an d'Chamber koum. Déi éischt Ministesch zu Lëtzebuerg gouf d'Madeleine Frieden-Kinnen 1967.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Lëtzebuerg, d'Gemeng Stroossen d'Gemeng Réiser hu Stroossen no hir benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Renée Wagener: "Marguerite Thomas-Clement, Sprecherin der Frauen: Die erste Luxemburger Abgeordnete." in: « Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen... ». Publications nationales, Lëtzebuerg, 1997.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cid-femmes
  2. Chambres des députés; périodes parlementaires (archivéiert) Archivéiert op 2006-08-14. Gekuckt de(n) 2006-08-14.