Nicolas Ludovicy

Vu Wikipedia
Nicolas Ludovicy
Gebuertsnumm Nicolas Brunno Ludovicÿ
Gebuer 6. Oktober 1861
Fiels
Gestuerwen 1. Mäerz 1947
Fiels
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen


Den Nicolas Ludovicy, gebuer 1861[1] a gestuerwen den 1. Mäerz 1947 an der Fiels am Alter vu 85 Joer[2], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.

Hie gouf 1904 fir d'éischt als Deputéierte gewielt an ass bis 1930 an der Chamber bliwwen.[3] Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierte gewielt an och bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 confirméiert. Bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 gouf hien nees erëmgewielt.

Hie war vum 8. Januar 1918[4] bis 1921[1] Buergermeeschter vun der Gemeng Fiels.[5]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Den Nicolas Ludovicy op der Säit iwwer d'Brosserie moderne an der Fiels op www.industrie.lu
  2. Ukënnegung vum Doud vum Nicolas Ludovicy am Escher Tageblatt vum 4. Mäerz 1947 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-03-15.
  3. Noruff op den Nicolas Ludovicy am Escher Tageblatt vum 8. Mäerz 1947 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-03-15.
  4. Memorial N°2 vun 1918 mat der Publikatioun vun der Nominatioun vun enger Rei vu Buergermeeschteren
  5. Lëscht vun de Buergermeeschteren déi den 9. Januar 1918 ernannt goufen
  6. Doudesannonce vum Nicoals Ludovicy an 'D'Unio'n' vum 3. Mäerz 1947