Partiell Chamberwale vum 3. Juni 1928

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Bei de Partielle Chamberwale vum 3. Juni 1928 handelt et sech ëm Wale fir d'Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament, déi nëmmen an de Walbezierker Osten a Süden ofgehale goufen. Och am Zentrum gouf een neien Deputéierte gewielt.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

D'Rietspartei konnt hiert Resultat liicht verbesseren wärend d'Aarbechterpartei méi grouss Erfolleger konnt feieren. Esou huet d'Tageblatt den Dag no de Wale grouss op d'Titelblat geschriwwen: "Unser ist der Sieg!".[1] D'Luxemburger Wort huet geschriwwen: "Bei den gestrigen Wahlen zeigte es sich, daß die Rechtspartei sich nicht nur behauptet, sondern fast in sämtlichen Gemeinden erfreuliche Fortschritte aufzuweisen hat. [...] Der Fortschritt der Sozialisten ist mit Ausnahme einiger Gemeinden, in denen ihre Vorherrschaft durch die Rechtspartei ins Wanken gebracht wurde, sehr groß und übersteigt unsere Erwartungen, wenn er auch ihre eigenen nicht zu befriedigen scheint."[2] Allenzwou schreiwen se, déi Radikal wären déi grouss Verléiere vun de Walen.

Déi feministesch Zäitschrëft Action féminine huet vun engem "Ruck nach links" geschriwwen a souwuel der Rietspartei wéi och der Aarbechterpartei virgeworf, datt se keng weiblech Kandidaten op hire Lëschte stoen haten. Déi eenzeg Partei, déi zwou Kandidatinnen an d'Course geschéckt hat, war d'Onofhängeg National Vereenegung. Do hunn d'Catherine Schleimer-Kill an d'Joffer Lamboran kandidéiert, goufen awer net gewielt.[3]

Resultater
Partei Sëtz
Rietspartei 13
Aarbechterpartei 10
Radikal Lénk 2
Onofhängeg Lénkspartei 2
Onofhängeg National Vereenegung 1

Süden[änneren | Quelltext änneren]

Am Verglach mat de Chamberwalen 1925 goufen et am Walbezierk Süden 4 Sëtz méi. D'Rietspartei huet hiet Resultat vu sechs op siwe Sëtz liicht verbessert. D'Aarbechterpartei huet véier Sëtz méi krut a konnt am Ganzen 10 Deputéiert aus dem Süden vum Land an d'Parlament schécken. Den eenzegen Deputéierte vun der Onofhängeger Nationaler Vereenegung, den Hubert Loutsch, konnt säi Mandat verdeedegen. Déi Radikal Lénk dogéint hunn ee Sëtz verluer an den Aloyse Kayser gouf net méi gewielt.

D'Kommunistesch Partei huet bei de Walen 1928 keng Lëscht opgestallt.[4]

Osten[änneren | Quelltext änneren]

Am Osten gouf d'Deputéiertenzuel net geännert. D'Onofhängeg Lénkspartei huet hir zwee Sëtz an d'Rietspartei hir fënnef Sëtz behalen, déi si bei de Chamberwalen 1925 kruten. Den Othon Decker vun der Lénkspartei gouf net méi gewielt, dofir awer säi Parteikolleg Auguste Keiffer.[5] Fir d'Rietspartei huet de Mathias Huss net méi kandidéiert an de Mathias Schaffner gouf nei gewielt. D'Onofhängeg National Vereenegung hat am Osten eng Lëscht opgestallt, mee kee vun hire Kandidate gouf gewielt.[5]

Zentrum[änneren | Quelltext änneren]

Am Zentrum gouf een neie, véierzéngte Sëtz, agefouert. Fir dee Sëtz goufen et sechs Kandidaten: den Antoine Kayser (Onofhängeg National Vereenegung)[6], de René Blum (Aarbechterpartei), de Jules Keiffer (Radikal-Sozialistesch Partei)[7], den Nicolas Jacoby (Rietspartei), den Tony Pemmers (Radikal Partei)[8] an de Jean Bervard-Caruso.[9] De Jacoby (11.252 Stëmmen) an de Blum (10.864 Stëmmen) hunn et an den zweeten Tour gepackt, deen de Sonndeg, 10. Juni 1928 gehale gouf. De Jacoby huet d'Stéchwal mat e puer honnert Stëmme méi wéi de Blum Stëmme gewonnen.[10][11][12]

Am Tageblatt vum 8. a vum 9. Juni 1928 huet dd'Radikal Partei aus dem Walbezierk Zentrum hir Unhänger dozou opgeruff, fir de René Blum ze stëmmen.[8][11][13]

De René Blum war souwisou schonn als Deputéierten am Süde gewielt, mee huet och nach am Zentrum kandidéiert, well wann hie gewonnen hätt da wier hie fir de Walbezierk Zentrum an d'Chamber gaangen an am Süde wier een aneren Deputéierte, den Denis Netgen, a senger Plaz fir d'Aarbechterpartei nogeréckelt.[14]

Sëtz no Walbezierk[änneren | Quelltext änneren]

Sëtz no Walbezierk
Partei / Lëscht Süden Osten Zentrum Total
Rietspartei 7 5 1 13
Aarbechterpartei 10 / 0 10
Radikal Lénk 2 / / 2
Onofhängeg Lénkspartei / 2 0 2
Onofhängeg National Vereenegung 1 0 0 1
Total 20 7 1 28

/: keng Kandidaten an deem Bezierk

Gewielt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Gewielt goufen:[3]
Numm Partei Walbezierk
Pierre Godart Onofhängeg Lénkspartei Osten
Auguste Keiffer Onofhängeg Lénkspartei Osten
Joseph Bech Rietspartei Osten
Adolphe Klein Rietspartei Osten
Jean-Baptiste Didier Rietspartei Osten
Mathias Schaffner Rietspartei Osten
Jean-Pierre Wiltzius Rietspartei Osten
Hubert Loutsch Onofhängeg National Vereenegung Süden
Emile Mark Radikal Lénk Süden
Albert Clemang Radikal Lénk Süden
René Blum Aarbechterpartei Süden
Pierre Krier Aarbechterpartei Süden
Nicolas Biever Aarbechterpartei Süden
Victor Wilhelm Aarbechterpartei Süden
Jacques Thilmany Aarbechterpartei Süden
Adolphe Krieps Aarbechterpartei Süden
Hubert Clement Aarbechterpartei Süden
Léon Weirich Aarbechterpartei Süden
Jean-Pierre Bausch Aarbechterpartei Süden
Pierre Hamer-Lex Aarbechterpartei Süden
Pierre Dupong Rietspartei Süden
Eugène Dondelinger Rietspartei Süden
Eugène Auguste Collart Rietspartei Süden
Nicolas Wirtgen Rietspartei Süden
Edouard Kirsch Rietspartei Süden
Valentin Noesen Rietspartei Süden
Albert Wagner Rietspartei Süden
Nicolas Jacoby Rietspartei Zentrum

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Unser ist der Sieg!", Luxemburger Tageblatt, 4. Juni 1928, S. 1
  2. "Nach den Wahlen", Luxemburger Wort, 4. Juni 1928, S. 1
  3. 3,0 3,1 "Betrachtungen über die Wahlen", L'action féminine, Juni-Juli 1928, S. 1-3
  4. "Nach den Wahlen - Die Kommunisten", Luxemburger Wort, 16. Juni 1931, Säit 4
  5. 5,0 5,1 "Nach den Wahlen" - offiziell Walresultater fir de Walbezierk Osten, Luxemburger Wort, 5. Juni 1928, S. 3
  6. "Chronique locale", L'indépendance luxembourgeoise, 8. Mee 1928, S. 3
  7. "Chronique locale - Elections législatives", L'indépendance luxembourgeoise, 2. Mee 1928, S. 2
  8. 8,0 8,1 "Resolution", Luxemburger Tageblatt, 8. Juni 1928, S. 1
  9. "Les élections du 3 juin 1928", L'illustré luxembourgeois / Luxemburger Illustrierte, 25. Abrëll 1928, N° 8, S. 1
  10. "Stichwahl im Wahlbezirk Zentrum, Luxemburger Wort, 11. Juni 1928, Säit 3
  11. 11,0 11,1 "Offizielles Ergebniss der Stichwahl im Bezirk Zentrum, Luxemburger Wort, 13. Juni 1928
  12. "Chronique locale", Lindépendance luxembourgeoise, 11. Juni 1928, S. 2
  13. "Resolution", Luxemburger Tageblatt, 9. Juni 1928, S. 1
  14. "Noch ein paar Worte", Luxemburger Tageblatt, 9. Juni 1928, S. 1