Jules Keiffer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jules (Julius) Keiffer, gebuer de 25. Oktober 1853 zu Rued/Sir, gestuerwen den 12. Februar 1938 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer, Oberinspekter, Gemengepolitiker an Auteur.

No sengen Universitéitsstudien zu Lëtzebuerg (Cours supérieurs) an zu Paräis, huet hien de 24. November 1880 seng Carrière als Repetent (répétiteur de 2e classe) am Athenäum ugefaangen; de 7. Mee 1884 krut hie seng Nominatioun als Professer (Spezialitéiten: Franséisch a Griichesch, huet awer och Latäin enseignéiert). De 26. November 1908 gouf hien Oberinspekter (inspecteur principal de l'enseignement primaire) genannt, eng Funktioun, déi hie bis zu senger Pensioun am Oktober 1922 ausgeübt huet.

De Jules Keiffer war och politesch aktiv. Vun 1906[1] bis 1938 war hie als liberale Vertrieder Member vum Stater Gemengerot: Conseiller vun 1906[1] bis 1917 a vun 1925 bis 1938, Schäffe vun 1917 bis 1921. Hie war och Member vun der Stater Schoulkommissioun vun 1906 bis 1910 a vun 1921 bis 1938. De Jules Keiffer war Kandidat bei den Ergänzungswahlen fir d'Chamber vum 3. Juni 1928 (Bezierk Zentrum), ass awer net gewielt ginn.[2]

Vun hirer Asetzung, de 14. September 1909, un bis an d'Joer 1927 war de Jules Keiffer President vun der Iwwerwachungskommissioun vun den Dafstommen (commission de surveillance des sourds-muets).

De Jules Keiffer, deen och alt emol ënner dem Pseudonym Jules de la Syr geschriwwen huet,[3] ass als Auteur virun allem bekannt duerch seng Publikatiounen iwwer d'Lëtzebuerger Literatur.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • La langue et la littérature du Grand-Duché de Luxembourg. Mâcon, Protat Frères, 1901, 51 S.
  • La littérature du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg, Worré-Mertens, 1903, 111 S.
  • Jugenderinnerungen. Sitten und Gebräuche. Luxemburg, Th. Schröll, 1905, 115 S. (erweiterter Abdruck aus: Luxemburger Zeitung 1904-1905).
  • Jugenderinnerungen oder Sitten und Gebräuche. Luxemburg, J. Beffort, 1907, 179 S. (2., vermehrte Auflage). Cf. Jugenderinnerungen oder Sitten und Gebräuche. In: Luxemburger Illustrierte, Jahrgang 1928: Nr. 1, S. 6; Nr. 2, S. 18; Nr. 3, S. 30; Nr. 4, S. 42, 44; Nr. 5, S. 50; Nr. 6, S. 70; Nr. 7, S. 86; Nr. 8, S. 102; Nr. 9, S. 118, 122; Nr. 10, S. 134-135; Nr. 11, S. 150, 152; Nr. 12, S. 168; Nr. 13, S. 186, 188; Nr. 14, S. 196, 198; Nr. 15, S. 214-215; Nr. 16, S. 230; Nr. 17, S. 246; Nr. 18, S. 262; Nr. 19, S. 278; Nr. 20, S. 294, 296; Nr. 21, S. 308; Nr. 22, S. 334; Nr. 23, S. 342, 346; Jahrgang 1929: Nr. 1, S. 6; Nr. 2, S. 21-22; Nr. 3, S. 44; Nr. 4, S. 50-51; Nr. 5, S. 70-71; Nr. 7, S. 104; Nr. 8, S. 115-116; Nr. 9, S. 136; Nr. 10, S. 150-151; Nr. 11, S. 163-164; Nr. 12, S. 188; Nr. 13, S. 198; Nr. 14, S. 214; Nr. 15, S. 228; Nr. 16, S. 246; Nr. 17, S. 262-263.
  • La langue du Grand-Duché et l'oeuvre du poète national Dicks. In: Luxemburger Illustrierte 1930, Nr. 12, S. 179; Nr. 13, S. 195; Nr. 14, S. 212-213; Nr. 15, S. 227-228. BNL (Reproduction d'un article paru en 1923 dans l'Indépendance Luxembourgeoise).
  • Le poète national Dicks et son oeuvre. In: Luxemburger Illustrierte 1930, Nr. 16, S. 244; Nr. 18, S. 276-277; Nr. 19, S. 292, 294; Nr. 20, S. 309-310, 330; Nr. 21, S. 330; Nr. 22, S. 340-341; Nr. 24, S. 378-379. BNL (Reproduction d'un article paru en 1923 dans l'Indépendance Luxembourgeoise).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Lang 1967 (Anonymus 1938 schreift: 1905)
  2. Luxemburger Illustrierte, Nr. 8, 25. Abrëll 1928, S. 97.
  3. F. Wilhelm: Echternach vu par des écrivains francophones. in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 1998 (2/3), S. 180.