Valentin Noesen
De Valentin Noesen, gebuer de 27. Juni 1882 zu Simmer a gestuerwen den 22. Juli 1938 zu Sterpenich bei engem Verkéiersaccident, war e lëtzebuergeschen Entreprener a Politiker.[1]
De 27. Abrëll 1925 krut de Valentin Noesen seng Nominatioun als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort[2] an hien hat déi Funktioun och nach wéi hien 1938 gestuerwen ass.
Wéi de Pierre Dupong 1926 an d'Regierung koum ass de Valentin Noesen als Deputéierten an d'Chamber nogeréckelt.[1]
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[3]
- Chevalier vum Ordre de Léopold[1]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort vum 23. Juli 1938 mat der Doudesannonce vum Valentin Noesen a enger Biographie, genee sou wéi engem Artikel iwwer den Accident be deem hien ëmkoum.
- ↑ Memorial N°21 vun 1925 mam Arrêté vun der Nomination vum Valentin Noesen als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen