Gemeng Stengefort
| Gemeng Stengefort | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Stengefort | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Steinfort de: Steinfort |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Capellen |
| Gemeng | Kanton Capellen |
| Chef-lieu | Stengefort |
| Buergermeeschter | Sammy Wagner (LSAP) |
| Awunner | 6.154 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 1.218,0831 ha |
| Héicht | 307 m |
| Koordinaten |
49° 39’ 36’’ N 05° 54’ 56’’ O |
| LAU-Code | LU0110 |
| Websäit | https://www.steinfort.lu/ |
|
D'Gemeng Stengefort (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
|
| |
D'Gemeng Stengefort ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stengefort vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng läit am Weste vum Land, op der belscher Grenz, méi genee am Äischdall, an op de Koppen ëm dësen Dall. Déi gréisst Deel vun der Gemeng läit op Lëtzebuerger Sandsteen mat Ausnam vun der Gewan vu Grass an enger Partie vun Hoen.
Duerch Stengefort leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Grass
- Hoen
- Klengbetten
- Stengefort
- bis 1839: Sterpenech, gehéiert haut zu Arel
Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Stengefort ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: de gueules à la tour crénélée ouverte, accostée aux flancs de trois tourelles décroissantes en hauteur et en largeur, posées sur un perron, le tour d'or, soutenu d'une terrasse ondée d'azur chargée d'une trangle aussi ondée d'argent, la tour accostée en chef de deux croix ancrées d'argent |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Stengefort gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot baséiert, no de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017, op enger LSAP-déi-Gréng-Majoritéit. 2011-2017 war dat eng CSV-DP-Koalitioun.[3]
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 1999 | 4 | 1 | - | 6 |
| 2005 | 4 | 1 | - | 6 |
| 2011 | 5 | 1 | - | 5 |
| 2017 | 4 | 1 | 1 | 5 |
| 2023 | 2 | 1 | 1 | 7 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- ...
- 1844: Pierre Schroeder[4]
- ...
- 1913 – 1918: Gustave Loosé
- ...
- 1925 – 1938: Valentin Noesen[5]
- 1938: Joseph Wagner[6]
- ...
- 1945: Dominique Steichen[7]
- ...
- 1970 – 1973: Charles Kieffer
- 1973 – 1981: Ernest Sander
- 1982 – 2004: Jean Asselborn (LSAP)
- 2004 – 2011: Guy Pettinger (LSAP)
- 2011 – 2017: Jean-Marie Wirth (CSV)
- 2017 – 2021[8]: Guy Pettinger (LSAP)
- zanter 2021[9]: Sammy Wagner (LSAP)
Bekannt Stengeforter
[änneren | Quelltext änneren]- Robert Als (1897 – 1991), Jurist, Diplomat a Politiker,
- Jean Asselborn (*1949), Politiker,
- Francine Closener (*1969), Journalistin a Politikerin,
- François Simon (1887 – 1965), Politiker an Ingenieur,
- Yvonne Useldinger (1921 – 2009), Politikerin, Fraen-Aktivistin a Resistenzlerin.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Stengefort ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Centre culturel Al Schmelz
- De Stengeforter Stauweier
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Stengefort

- Maria-Theresia-Bréck zu Stengefort
- Stengeforter Poststatioun
- Stengeforter Schmelz
- Stengeforter Spidol
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Stengefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Stengefort
- D'Gemeng Stengefort op der Websäit vum Syvicol
- Syndicat d'initiative Stengefort
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
- ↑ "Nei Rout-Gréng-Koalitioun steet - Guy Pettinger neie Buergermeeschter zu Stengefort." rtl.lu, 12.10.2017, 08:42:22.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial N°21 vun 1925 mam Arrêté vun der Nomination vum Valentin Noesen als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort
- ↑ Memorial N°71 vun 1938 mam Arrêté vum 5. Oktober 1938 mat der nominatioun vum Joseph Wagner zum Buergermeeschter vu Stengefort
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert den 28.03.2016. Gekuckt de 04.11.2015.
- ↑ (lb) Lokales: De Sammy Wagner soll neie Buergermeeschter zu Stengefort ginn. www.rtl.lu. Gekuckt den 01.10.2021.
- ↑ (fr) Assermentation du nouveau bourgmestre et d'une nouvelle échevine de la commune de Steinfort. mint.gouvernement.lu (21.10.2021). Gekuckt den 22.10.2021.

