Guy Pettinger

Vu Wikipedia
Guy Pettinger
Gebuer 3. September 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fonctionnaire, Politiker

De Guy Pettinger, gebuer den 3. September 1960 an der Stad[1] ass e lëtzebuergesche Staatsbeamten a Lokalpolitiker (LSAP).

De Guy Pettinger ass Beamten an der Steierverwaltung. 1997 koum hie fir d'éischt an de Stengeforter Gemengerot. 1999 gouf hien duer erëmgewielt. Wéi de Jean Asselborn, dee bis dohi Buergermeeschter war, 2004 Member vun der Regierung gouf, ass de Guy Pettinger a senger Plaz Buergermeeschter ginn[2].

Bei de Gemengewale vun 2011 koum d'LSAP an d'Oppositioun, an de Pettinger gouf nees einfache Gemengeconseiller. D'Wale vum 8. Oktober 2017 hunn d'LSAP nees an d'Majoritéit bruecht (a Koalitioun mat deene Gréngen), an hie gouf nees Buergermeeschter.

Zanter 2018 ass de Guy Pettinger President vum Gemengesyndikat ZARO[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (J99) Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une Zone d'Activités économiques à caractère régional dans la Région de l'Ouest du pays, en abrégé ZARO. www.lbr.lu (15.11.2019). Gekuckt de(n) 25.08.2020.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Luc Ewen: "Wieder Bürgermeister. Guy Pettinger über seine Prioritäten als neuer alter Gemeindevater von Steinfort." wort.lu, 2018-03-22.