Gemeng Garnech
| Gemeng Garnech | |
|---|---|
|
| |
|
Méchelskierch | |
| An anere Sproochen |
fr: Garnich de: Garnich |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Capellen |
| Chef-lieu | Garnech |
| Buergermeeschter | Sonia Fischer-Fantini |
| Awunner | 2.421 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 2.095 ha |
| Héicht | 339 m |
| Koordinaten |
49° 37’ 00’’ N 05° 57’ 01’’ O |
| LAU-Code | LU0102 |
| Websäit | https://garnich.lu |
|
| |
|
D'Gemeng Garnech (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
D'Gemeng Garnech (lokal och alt Gäernech oder Garnich) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Garnech vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Garnech läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]Waasserleef um Territoire vun der Gemeng sinn: Äisch, Mamer, Eiselbaach, Wëlleschbaach, Niewefloss vun der Äisch, Wëlleschbaach, Niewefloss vun der Mamer, d'Meneschbaach an dräi Quellgrief vun der Bräderbaach.
Am Weste vun der Gemeng um Flouer vun Héiweng, op enger Héicht vun 358 Meter, verleeft d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- a Meusebaseng
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Garnech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: De gueules à la croix ancrée d'argent sumontée d'un lambel de cinq pendants d'azur, manteléd'un fascé d'argent et d'azur de huit pièces chargé en chef de deux portes de ville à trois tours de gueules. |
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren[3]
[änneren | Quelltext änneren]- 1803 - 1817: Charles Metzler
- 1817 - 1836: Nicolas Metzler
- 1836 - 1858: Peter Metzler[4]
- 1858 - 1861: Jean-Nicolas Arend
- 1861 - 1872: Peter Metzler
- 1873 - 1879: Johann Müller
- 1879 - 1922: Jacques Schmitz
- 1922 - 1924: Henri Franck I
- 1925 - 1941: Edmond Kerschen
- 1944 - 1945: Edmond Kerschen
- 1946 - 1963: Nic Arend[5]
- 1964 - 1981: Félix Jemming
- 1982 - 1993: Eugène Dondlinger
- 1994 - 2011: Henri Franck II
- 2011 - 2023: Georges Fohl
- zanter 2023: Sonia Fischer-Fantini[6]
Bekannt Garnecher Leit
[änneren | Quelltext änneren]- Nicolas Braunshausen (1874 – 1956), Politiker a Psycholog
- Edmond Jacobs (1928 – 2012), Vëlossportler
- Elsy Jacobs (1933 – 1998), Vëlossportlerin (Weltmeeschter)
- Raymond Jacobs, (*1931), Vëlossportler
- Roger Jacobs (1923 – 1997), Vëlossportler
- Claudine Schaul (*1983), Tennisspillerin
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Garnech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Medien
[änneren | Quelltext änneren]- D'Meedche vu Garnech, e Kuerzfilm vum Gast Rollinger iwwer säi Besuch beim Arno Schmidt zu Bergfeld bei Celle.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Arno Schmidt, Abend mit Goldrand (1975): eng vun den Haaptpersounen aus dem Buch, d'Ann' Ev', ass vu Garnech.
- A. Delvaux, J. Ewen, J. Lux, J. Malget,S. Pohs: "Fanfare Garnech 1919-1994, Festlechkeeten zum 75. Jubiläum"
- Garnecher Musek, 100 Joer, 1919-2019: Garnech, Eng Gemeng, Eng Musek, Eng Geschicht, 2021, 700 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Garnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Garnech
- Websäit vun der Garnecher Musek
- D'Gemeng Garnech op der Websäit vum Syvicol
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschteren op der Internetsäit vun der Gemeng Garnech.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert den 28.03.2016. Gekuckt de 04.11.2015.
- ↑ Sonia Fischer-Fantini wird Bürgermeisterin, Luxemburger Wort, 12.07.2023 S. 16
