Arno Schmidt

Vu Wikipedia
Arno Schmidt
Gebuer 18. Januar 1914
Hamburg
Gestuerwen 3. Juni 1979
Celle
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Linguist, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Dichter
Famill
Bestuet mat Alice Schmidt

Den Arno Otto Schmidt, den 18. Januar 1914 als Jong vun engem Polizist zu Hamburg gebuer, a gestuerwen den 3. Juni 1979 zu Celle am Spidol, no engem Hiereschlag den 1. Juni, war en däitschen Auteur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Ofschloss op der Oberrealschule 1933 zu Görlitz, studéiert hien e puer Méint do op der Handelschule. Vun 1934 u schafft den Arno Schmidt op de Greiff-Werke, enger Textilfabrick zu Greiffenberg als Léierbouf. Hie schafft do bis 1940 als Kontabel vum Lager vun der Fabrick. Den Arno Scmidt léiert do och seng zukünfteg Fra, d'Alice Murawski, kennen, eng Sekretärin.

Eng kleng Ierfschaft erlaabt et dem Arno a senger Fra Miwwele fir hir Wunneng ze kafen, an déi eenzeg Rees vun hirem Liewen ze maachen, op London fir 3 Deeg.

1940 gëtt den Arno Schmidt an d'Wehrmacht agezunn, an déngt zu Stroossbuerg an an Norwegen als Schreifkraaft a verschiddene Büroen. 1945 gëtt hien englesche Krichsgefaangenen zu Bréissel ; seng Fra ass geflücht, an hire klenge Besëtz ass verluer. Dat selwecht Joer gëtt hien nach fräigelooss a plënnert mat senger Fra op e Millenhaff zu Cordingen. Do schaffe si als Iwwersetzer fir déi däitsch Police.

1947 decidéiert den Arno Schmidt, als fräie Schrëftsteller ze liewen. 1934 an 1935 huet hie seng éischt Gedichter dem Hermann Hesse an dem Hermann Stehr geschéckt. 1949, no der Bekanntschaft mam Ernst Rowohlt zu Hamburg publizéiert hie säin éischt Buch: Leviathan, dat zum Deel aus sengen eegenen Nokrichserfahrungen zu Cordingen besteet. D'Buch krut gutt Kriticken, ma huet sech bal net verkaaft. 1950 kritt hien de Literaturpräis vun der Akademie der Wissenschaften vum Alfred Döblin iwwerreecht. De Präis, a seng Aarbechte fir de Radio brénge genuch Sue fir e klengt Landhaus zu Bargfeld bei Celle ze kafen, engem klengen Duerf mat 350 Awunner a 45 Haiser. Do wunnt hien zesumme mat senger Fra bis zu sengem Doud. Zu Bargfeld huet den Arno Schmidt de gréissten Deel vu senge Bicher a Literaturkritike geschriwwen.

1964 kritt de Schmidt de Fontane-Präis, 1965 de Präis fir Literatur vum Kulturkrees am Bundesverband vun der däitscher Industrie.

Zettels Traum[änneren | Quelltext änneren]

1970 kënnt dat Buch eraus, dat dem Schmidt säin Haaptwierk wäert ginn: Zettels Traum. D'Buch ass e Faksimile vum Schmidt sengen Typoskripten an DIN A3 mat den handschrëftlechen Notte vum Auteur. Et besteet aus 1334 A3 Säiten, an 3 onofhängeg an zesummenhängend Geschichten déi sech op 3 Kolonne simultan verdeelen. Gutt 6 Joer hat den Arno Schmidt sech zeréck gezunn, hat opgehalen op Bréiwer z'äntweren an hat bal Dag an Nuecht just um Zettels Traum geschafft. Déi Aarbecht huet hien nach fir Jore gesondheetlech matgeholl, a säin éischten Häerzschlag, 1972, däerft wuel domat zesummenhänken.

De leschte Saz, deen den Arno Schmidt geschriwwen huet, war: "Ist Fleiß für Menschen & Tiere eine einfache (Lebens)Notwendigkeit?"

Den Arno Schmidt a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Abend mit Goldrand ass ee vun den Haaptpersonnagen, d'Ann'Ev', eng Lëtzebuergerin, déi vu Garnech ass. Dëst Duerf gëtt ganz genee beschriwwen:

"Ach ja; da'ss de Kirch; (D's Pfarrhaus auf der Rue St. Hubert. (?): Das Flüsschen iss de Mamer.- (?): Cafés giebt's 2: René Müller,auf der Rue de Cimetière; und d's andre, von der Madame Ehringer=Gretten,auf der Rue des 3 Cantons: da iss es.- Rathaus und Sparkass' auf der Rue de l'École. Die Post auch;(und der Schmied, der Wolff). Bäcker; Tischler,Épicerie'n; 2 marchand=tailleurs. - Hier wohnt der Dr.René Kerschen über's WochnEnd (...)." (Säit 72).

Den Arno Schmidt huet d'Ann'Ev' vu Garnech komme gelooss, well him dat Wuertspill "Garnich" - "Gar=nich" gefall huet. Queesch duerch d'Buch erzielt d'Ann'Ev' vu Lëtzebuerg, et ameséiert sech iwwer Nimm wéi "Mösdorf" a "FötzBusch", an et gëtt Referenzen op d'Geographie, Geschicht, Riedensaarten, Stroossen- a Persounennimm, Institutiounen, Butteker, d'groussherzoglech Famill, asw. Och seng Sprooch ass mat Lëtzebuergeschen Interferenzen agefierft. Am Typoskript akopéiert si weiderhin: en Timber vu 4 Frang, eng Etikett vun enger Librairie aus der Stad (Säit 130), an eng Nummetikett vun engem "Confiseur", (das kenns'D nich ?:" 'NAMUR' ?: d's sind die bestn Prali'ées der Welt. (Säit 70).

Dobäi ass den Arno Schmidt ni zu Lëtzebuerg gewiescht. Seng Kenntnesser hat en iwwer e Frënn, den Här Simon, deen zu Bäereldeng gewunnt hat, deen Iwwersetzer bei der CECA war, an deen him Bicher iwwer Lëtzebuerg geschéckt hat (dorënner de Lëtzebuerger Dictionnaire, en Telefonsbuch, eng Landkaart, asw.

De Gast Rollinger vun Esch-Uelzecht war den Arno Schmidt op Bargfeld besiche gaangen. Hie konnt mam Schmidt poteren, huet awer leider dat Gespréich net däerfe filmen a keng Fotoe maachen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Ganzt Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Werkgruppe I, Romane, Erzählungen, Gedichte, Juvenilia
    • Band 1: Enthymesis, Leviathan, Gadir, Alexander, Brand's Haide, Schwarze Spiegel, Umsiedler, Aus dem Leben eines Fauns, Seelandschaft mit Pocahontas, Kosmas (1987)
    • Band 2: Das steinerne Herz, Tina, Goethe, Gelehrtenrepublik (1986)
    • Band 3: Kaff auch Mare Crisium, Ländliche Erzählungen (Windmühlen, Der Sonn entgegen, Schwänze, Kühe in Halbtrauer, Großer Kain, Kundisches Geschirr, Piporakemes, Wasserstraße, Die Abenteuer der Sylvesternacht, Caliban über Setebos) (1987)
    • Band 4: 38 kleinere Erzählungen, Gedichte, Juvenilia (Die Insel, Dichtergespräche im Elysium, Der junge Herr Siebold, Der Rebell, Das Kraulemännchen, Das Haus in der Holetschkagasse, Der Garten des Herrn von Rosenroth, Die Fremden, Mein Onkel Nikolaus, Pharos) (1988)
  • Werkgruppe II, Dialoge
    • Band 1: Massenbach, Cooper, Brockes, Fouqué, Pape, May, Schnabel, Das bessere Europa, Wieland, Meyern, Die Meisterdiebe, Klopstock, Moritz (1990)
    • Band 2: Joyce, May, Stifter, Krakatau, Herder, Vorspiel, Oppermann, Wezel, Die Kreisschlösser, Müller, Tieck, Schefer, Dickens, Geschwister Brontë, Joyce (1990)
    • Band 3: Das Zweite Programm, Joyce, May, Frenssen, Stifter, Gutzkow, Lafontaine, Joyce, Collins, Bulwer-Lytton, Spindler (1991)
  • Werkgruppe III, Essays und Biografisches
    • Band 1: Fouqué und einige seiner Zeitgenossen (1993)
    • Band 2: Sitara und der Weg dorthin (1993)
    • Band 3: Essays und Aufsätze 1 (1995)
    • Band 4: Essays und Aufsätze 2 (1995)
  • Werkgruppe IV, Das Spätwerk
    • Band 1: Zettels Traum (déi Editioun ass nach net publizéiert)
    • Band 2: Die Schule der Atheisten (1994)
    • Band 3: Abend mit Goldrand (1993)
    • Band 4: Julia, oder die Gemälde (Fragment; 1992)
  • Supplemente
    • Band 1: Fragmente. Prosa, Dialoge, Essays, Autobiografisches
  • Briefe
    • Band 1: Der Briefwechsel mit Alfred Andersch (1985)
    • Band 2: Der Briefwechsel mit Wilhelm Michels (1987)
    • Band 3: Der Briefwechsel mit Eberhard Schlotter (1991)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]