Geographie vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Lux topo de.jpg
D'Buergplaz zu Huldang

Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëscht der Belsch, Frankräich an Däitschland. Et huet eng Fläch vun 2.586 km².

Déi gréisst Distanz vun Norden no Süden (Huldang-Rëmeleng) ass 82 km, vu Westen no Oste sinn et der maximal 57 km (Pärel-Rouspert).

Grenzen[änneren | Quelltext änneren]

D'Grenze mat den Nopeschlänner hunn en Total vun 356 km[1]. Dovu sinn:

De Grenzverlaf tëscht Lëtzebuerg a Frankräich geet zréck op den Traité vu Courtrai vum 28. Mäerz 1820. D'Grenz mat der Belsch gouf duerch eng Konventioun festgehalen, déi de 7. August 1843 zu Maastricht ënnerschriwwe gouf[2].

D'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland gouf de 26. Juni 1816 an engem Traité zu Oochen festgehalen. Op Grond vun engem neie Vermoosse vun der Grenz, gouf den Traité den 19. Dezember 1984 geännert an duerch e Gesetz vum 27. Mee 1988 confirméiert[3]. D'Grenz mat Däitschland huet d'Eegenaart, datt se bei de Waasserleef e Kondominium ass, d. h. datt d'Our, d'Sauer an d'Musel ëmmer op hirer ganzer Breet zu den zwee Länner gehéieren.

Natierlech Regiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Land deelt sech an zwou geographesch Regiounen[4]:

  • D'Éislek am Norden huet eng Fläch vun 828 km², ass duerchschnëttlech 450 m héich an ass en Deel vun den Ardennen.
  • D'Guttland am Süden hëlt mat 1.758 km² gutt zwee Drëttel vum Territoire an a läit am Duerchschnëtt 215 m iwwer dem Mier. Am Oste gëtt d'Guttland vun der Wäigéigend op der Musel ofgegrenzt; am Süde geet et an de Loutrenger Plateau iwwer, deen zu Lëtzebuerg Minettsgéigend genannt gëtt.

Extremitéiten[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng Ëlwen läit déi héchst Plaz, Op Kneiff bei Wilwerdang mat 560 Meter an déi zweethéchst, d'Buergplaz zu Huldang mat 558,35 Meter[5][6]. Den déifste Punkt ass do, wou d'Sauer an d'Musel leeft: op der Spatz zu Waasserbëlleg, op 130 m (NG-L). D'Stad Lëtzebuerg, méi genee d'Plëss d'Arem, läit op enger Héicht vu 304 Meter.

Déi geographesch Extremitéiten vum Land sinn[7]:

Gemeng Sektioun Koordinaten Bemierkung
nërdlechste Punkt Ëlwen Huldang 50° 10’ 58.06’’ N 06° 01’ 29.22’’ O D'Grenz ass an der Achs vun der Strooss; d'Maark LB286 steet um Bord vun der Strooss, op Belscher Säit
ëstlechste Punkt Rouspert-Mompech Rouspert 49° 48’ 20.67’’ N 06° 31’ 52.51’’ O D'Grenz ass - wéinst dem Kondominium - de Bord vun der Sauer op der Däitscher Säit
südlechste Punkt Keel Téiteng 49° 26’ 51.90’’ N 6° 02’ 30.06’’ O bei der Grenzmaark FL-96
westlechste Punkt Bauschelt Sir 49° 53’ 48.84’’ N 5° 44’ 08.44’’ O bei der Gossemaark LB183

Vegetatioun[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bësch zu Lëtzebuerg

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geologie vu Lëtzebuerg

Waasserleef[änneren | Quelltext änneren]

Ausser der Kuer, mat hiren Niewebaachen, der Rouerbaach, der Mierbaach an der Maragole, am Süde vum Land, an der Fooschtbaach am Éislek, déi an d'Meuse lafen (2 %), gehéieren all d'Waasserleef zu Lëtzebuerg zum Baseng vun der Musel (98 %).

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hydrographie vu Lëtzebuerg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Storoni, A., 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. 57 S. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. ISBN 978-2-87953-096-3
  • Bousch, P., T. Chilla, P. Gerber, O. Klein, C. Schulz, C. Sohn & D. Wiktorin (Koord.), 2009. Der Luxemburg Atlas. Atlas du Luxembourg. 224 S. emons: (=Hermann-Josef Emons Verlag). ISBN 978-3-89705-692-3 (D'Artikele sinn zu engem Deel op Franséisch, déi aner op Däitsch geschriwwen).
  • Goerens, Jean-Mathias, Jean-Claude Muller, Yves Robert, Gian Giuseppe Simeone, Gilbert Trausch, Danièle Wagner & Frank Wilhelm, 1995. Grand-duché de Luxembourg. Le guide. Éditions Saint-Paul. 239 S. ISBN 2-87963-206-4. (En Iwwerbléck iwwer d'Geschicht, d'Geographie an d'Economie vum Land).
  • Back, Nicolas, 2001. Unsere Bergnamen. In: Lëtzeburger Sonndesblad. - Jg. 134 (2001), Nr. 39, S. 14; Nr. 40; S. 14; Nr. 41, S. 14; Nr. 42, S. 14.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Territoire. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2020.
  2. (fr)Arrêté du Gouvernement en Conseil du 23 janvier 1844 concernant la délimitation du Grand-Duché et de la Belgique. (Convention de limites conclue à Maestricht le 7 août 1843). legilux.public.lu (14.02.1844). Gekuckt de(n) 25.07.2020.
  3. (fr)Loi du 27 mai 1988 portant approbation du Traité entre le Grand-Duché de Luxembourg et la République fédérale d'Allemagne sur le tracé de la frontière commune entre les deux Etats et de l'échange de lettres, signés à Luxembourg, le 19 décembre 1984. legilux.public.lu (07.06.1988). Gekuckt de(n) 25.07.2020.
  4. (fr)Territoire et environnement. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2020.
  5. A. Storoni, 2010, S. 15: 560 m fir op Kneiff, 559 m fir d'Buergplaz.
  6. (fr)Le point culminant du Luxembourg. act.public.lu (18.01.2010). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  7. Informatioun vum Kadaster (27/07/2020), op Nofro per E-mail