Maragole
|
D'Maragole am Plon | |
| Längt | 1,6 km |
|---|---|
| Hydrographesche Baseng | Meuse-Baseng |
| Leeft an | Kuer |
|
| |
D'Maragole ass eng Baach am Südweste vu Lëtzebuerg, an engem klengen Dall tëscht Rodange a Rolleng.
Si entsteet aus dem Zesummelaf vun 2 Grief beim Fond-de-Gras, am Oste vu Rodange, op enger Héicht vun 310 Meter[1]. Se leeft dann duerch de Flouer Plon, en deelweis suppegt Gebitt, an deem laanscht d'Baach Kappweide stinn. Duerno leeft se ënner der Rue de la Maragole erduerch fir an d'Ronnwiss ze kommen. Soubal wéi se do op d'Héicht vun der Avenue de la Gare kënnt, ass se fir de Rescht vun hirem Laf, op enger Längt vu ronn 800 Meter ënnerierdesch a Réier agespaart, fir op der Grousswiss da vu lénks an d'Kuer ze lafen.
Si ass am Ganzen ongeféier 1.600 Meter laang, an als Niewefloss vun der Kuer, ass et zu Lëtzebuerg eng vun de wéinege Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Maragole – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Laf vun der Maragole op geoportail.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ gekuckt op geoportail.lu
