Meneschbaach
Ausgesinn
Längt | 5,4 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | westlech vu Garnech |
Héicht | 355 m |
Koordinaten |
49° 37’ 09.3’’ N 5° 56’ 29.8’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Faulbaach |
Plaz | Mamer |
Héicht | 286 m |
Koordinaten |
49° 37’ 33.4’’ N 06° 01’ 46.1’’ O |
Haaptnieweflëss | Weierbaach |
Geographie | |
Land |
![]() |
Uertschaften | Garnech, Capellen, Mamer |
![]() | |
D'Meneschbaach ass eng kleng Baach an de Gemenge Garnech a Mamer. Si entsteet op enger Héicht vun 355 Meter um Flouer Hanner Wëller nordwestlech vu Garnech.
Vun do un leeft se weider no Nordosten, fir d'éischt ënner der Dräikantonstrooss, an da gläich duerno ënner der Areler Autobunn erduerch.
Nodeem se och nach d'Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Klengbetten passéiert huet, dréint se ganz no Osten a Richtung Cap.
Am Heierzweier leeft dann nach e Gruef dran dee vu Steerausch kënnt, a 800 Meter duerno net wäit vun der Caper Gare ewech leeft se ënner dem CR103 erduerch.
Gläich drop leeft se dann um Terrain vun der aler Kasär an d'Faulbaach fir mat där weider an d'Mamer ze lafen.