Op den Inhalt sprangen

Nicolas Braunshausen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Braunshausen
Gebuer 16. Oktober 1874
Garnech
Gestuerwen 11. Dezember 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Psycholog
Partei Radikal-Liberal Partei

Den Nicolas Braunshausen, gebuer de 16. Oktober 1874 zu Garnech, a gestuerwen den 11. Dezember 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer fir Psychologie a Politiker.

Hien huet um Cours supérieurs an der Stad an op den Universitéite vu Léck a Bréissel Psychologie enseignéiert. Fuerschungsthema war ë. a. Sproocherzéiung a Méisproochegkeet.

Vum 27. Dezember 1936 bis de 5. November 1937 war hien, als Member vun der Radikal-Liberaler Partei, Minister fir den Interieur, Handel an Industrie an der Regierung Bech.

Hie war vun 1917 bis 1936 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an dovu vun 1924 bis 1934 als Schäffen.[1]

(Auswiel)

  • Die experimentelle Gedächtnisforschung (1914)
  • La Question linguistique dans le Grand-Duché de Luxembourg (1935)
  • L'étude expérimentale du caractère. Méthode et résultats. Liège (1937)
  • Le Bilinguisme et les méthodes d'enseignement des langues étrangères Liège (o.D.)

An der Stad Lëtzebuerg (Hollerech) an zu Garnech goufe Stroossen no him genannt.[5]

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Persée, Revues, L'année psychologique, Année 1957
  2. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1954 Memorial A N° 9 vun 1954 Archivéiert de(n) 01.10.2015. Gekuckt de(n) 06.01.2013.
  3. Communiqué du Grand Maréchal de la Cour vum 9. November 1937, publizéiert am Luxemburger Wort vum 10. November 1937
  4. 4,0 4,1 4,2 Doudesannonce vum Nicolas Braunshausen am Luxemburger Wort vum 12. Dezember 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 25. Juli 2022
  5. L-1257, L-8350.