Wëlleschbaach (Äisch)
Ausgesinn
Den Dall vun der Wëlleschbaach op der Héicht vum fréieren Dreckstipp vu Kënzeg hannendrun de Grasserbësch a riets de Reifelswénkel | |
Längt | 3 400 m |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
Féngeg (Märchen / Pëllenaker) |
Héicht | 360 m |
Koordinaten | 49° 36’ 12.7’’ N 05° 54’ 53.2’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Äisch |
Plaz | L/B Grenz |
Héicht | 319,10 |
Koordinaten | 49° 36’ 46,9’’ N 05° 52’ 31,6’’ O |
Geographie | |
Land |
Lëtzebuerg Belsch |
Regioun | Guttland |
Uertschaften |
Féngeg, Kënzeg Séilen |
D'Wëlleschbaach ass eng lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Käerjeng.
Si huet hir Quell op enger Héicht vu ronn 360 Meter an enger Zoch där hir Spëtz un dat klengt Muer Märchen am Oste vu Féngeg stéisst. Se leeft vun do aus eng 1.600 Meter no Norden duerch de Buchebësch, fir dann op enger Héicht vun 331 Meter am Reifelswénkel no Westen ze dréinen.
No 1.200 Meter leeft se ënner dem CR110 erduerch, laanscht de fréieren Dreckstipp vu Kënzeg, a 600 Meter méi déif ënner der fréierer Eisebunnsstreck Atertlinn erduerch, fir dann tëscht de Gossemaarken LB55 an LB56 an d'Millebaach a mat där weider an d'Äisch ze lafen.