Yvonne Useldinger
Yvonne Useldinger | |
---|---|
Gebuertsnumm | Yvonne Hostert |
Gebuer |
6. November 1921 Stengefort |
Gestuerwen |
11. Februar 2009 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Resistenzler |
Partei | KPL |
Famill | |
Bestuet mat | Arthur Useldinger |
D'Yvonne Useldinger, gebuer Yvonne Hostert de 6. November 1921 zu Stengefort, a gestuerwen den 11. Februar 2009[1] zu Esch-Uelzecht, war eng lëtzebuergesch Politikerin (KPL), Fraen-Aktivistin a Resistenzlerin.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Yvonne Hostert ass zu Déifferdeng opgewuess a gouf 1937 Member vun der Sozialistescher Jugend.[2] 1938 ass si der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) bäigetrueden. 1940 huet si sech mam Arthur Useldinger bestuet, engem vun den Haaptleit vun der KPL. 1941 gouf si eng éischt Kéier vun der Gestapo verhaft, gouf awer nees fräigelooss, well hir näischt nogewise konnt ginn. Ee Joer drop - si huet an der Tëschenzäit e Puppelchen erwaart – gouf si mat hiren Elteren Alfons a Katharina Hostert an hirem Brudder Walter openneis verhaft. Hir Duechter Fernande ass am Police-Prisong vun Tréier op d'Welt komm. Enn Juni 1943 gouf si an d'KZ Ravensbrück verschleeft, wou se méi spéit Member vun der illegaler Lagerorganisatioun gouf.
Hire Papp koum fir d'éischt an d'SS-Sonderlager Hinzert an dunn an d'KZ Mauthausen, hire Brudder an d'KZ Dachau. Just hir Mamm gouf nees fräigelooss an huet sech ëm de Puppelche gekëmmert.
D'Yvonne Useldinger gouf am Dezember 1944, vum KZ Ravensbrück an en Niewelager, dat vum Siemens-Konzern direkt niewendrun opgebaut gi war, iwwerfouert. Nodeem d'Rout Arméi d'KZ Ravensbrück befreit hat, gouf se Enn Abrëll 1945 vum schweedesche Roude Kräiz a Schweden evakuéiert (Aktioun „Bernadotte“). Kuerz drop koum se zeréck op Lëtzebuerg.
1945 huet si d'Union des Femmes Luxembourgeoises (UFL) mat gegrënnt, a gouf méi spéit hir Presidentin.
Der Yvonne Useldinger hiert Tagebuch ass eent vun de wéinegen Originaldokumenter, déi aus dem KZ Ravensbrück gerett konnte ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Meß, Kathrin: "...als fiele ein Sonnenschein in meine einsame Zelle": Das Tagebuch der Luxemburgerin Yvonne Useldinger aus dem Frauen-KZ Ravensbrück. Metropol 2008. ISBN 9783940938015
- Meß, Kathrin: "Yvonne Useldinger – eine Luxemburgerin im Frauen-KZ Ravensbrück". In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. Luxemburg, Nr. 259 (Sept. 2006), S. 48–52.
- Kathrin Meß: "Dann habe ich keinen Hunger mehr gespürt ..." Kunst zwischen Widerstand, Zeugnis und Überlebensstrategie im Frauen-Konzentrationslager Ravensbrück am Beispiel der Luxemburgerin Yvonne Useldinger. Differdingen: Institut für Geschichte und Soziales Luxemburg, 2019, ISBN 978-2-919784-02-8
- Schwarz, Helga / Szepansky, Gerda [Hgg.]: Frauen-KZ Ravensbrück... und dennoch blühten Blumen. Dokumente, Berichte, Gedichte und Zeichnungen vom Lageralltag 1939–1945. Brandenburgische Landeszentrale für politische Bildung, Potsdam 2000 (ISBN 3-932502-25-6), S. 108 und 166f.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Säit aus dem Tagebuch, Zeechnung a Fotoe vun der Yvonne Useldinger
- Rezensioun vu Meß (2008) op land.lu
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://tageblatt.editpress.lu/news/117/ARTICLE/11268/2009-02-11.html "Yvonne Useldinger s'est éteint." tageblatt.lu.
- ↑ Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun deem mam selwechten Numm aus der däitschsproocheger Wikipedia