Mathias Huss
Ausgesinn
| Mathias Huss | |
|---|---|
| Gebuer |
5. Januar 1860 Konsdref |
| Gestuerwen |
23. Februar 1928 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Agronom, Drécker |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Mathias Huss, gebuer de 5. Januar 1860 zu Konsdref[1] a gestuerwen den 23. Februar 1928 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Politiker, Agronom an Dréckereibesëtzer.
Hie gouf eng éischt Kéier bei de Chamberwale vum 26. Mee 1908 als Deputéierte vum Kanton Iechternach an d'Chamber gewielt, a gouf bei deene vum 9. Juni 1914, vum 23. Dezember 1915, deene fir d'Assemblée constituante vun 1918, an dann nees, als Ost-Deputéierten, bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 a vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt. Hie blouf bis zu sengem Doud Deputéierten an der Chamber.[3]
Nom Doud vum Philippe Bech gouf hien 1914 President vun der Rietspartei an ass dat och bis zu sengem Doud bliwwen.[1]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1923)[2][4]
Officier vum Ordre de Léopold [2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Noruff op de Mathias Huss an der Luxemburger Illustrierte N°4 vun 1928
- 1 2 3 Doudesannonce vum Mathias Huss am Luxemburger Wort vum 23. Februar 1928 Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt de 05.06.2017.
- ↑ Ried vum Emile Reuter beim Begriefness vum Mathias Huss Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt de 14.12.2014.
- ↑ Memorial A N°4 vun 1923 mat enger Lëscht vu Leit déi 1923 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
