Onofhängeg National Vereenegung

Vu Wikipedia

D'Onofhängeg National Vereenegung (frs: Union nationale indépendante) war eng eng politesch Partei zu Lëtzebuerg an der Tëschekrichszäit. Si war och als Onofhängeg Partei bekannt.

Si gouf vu Hubert Loutsch an dem Jean-Pierre Kohner gegrënnt, déi virdrun an der Rietspartei waren.

Chamberwalen 1925[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwalen 1925 ass d'Onofhängeg National Vereenegung mat Lëschten an de Walbezierker Zentrum, Süden an Osten opgetrueden. Si krut zwéi Sëtz: am Zentrum gouf de Jean-Pierre Kohner an am Süden den Hubert Loutsch gewielt.[1][2],[3]

Chamberwalen 1928[änneren | Quelltext änneren]

Bei de partielle Chamberwalen 1928 konnt de Loutsch säi Mandat am Walbezierk Süde verdeedegen. Am Oste gouf kee Kandidat vun der Partei gewielt. Am Zentrum gouf een neit Deputéiertemandat kreéiert, mee de Kandidat vun der Onofhängeger Nationaler Vereenegung, den Antoine Kayser, koum net an d'Stéchwal.

D'Onofhängeg Nationaler Vereenegung hat 1928 mat der Catherine Schleimer-Kill an der Joffer Lamboranals als eenzeg Partei zwou Kandidatinnen an d'Course geschéckt.[4]

Chamberwalen 1931[änneren | Quelltext änneren]

Bei de partielle Chamberwalen 1931 hat d'Onofhängeg Partei nëmmen eng Lëscht am Zentrum opgestallt. Do gouf de Jean-Pierre Kohner erëmgewielt.

Am Ganze krut si ronn 8% vun de Stëmmen am Walbezierk Zentrum.[5],[6],[7]

Chamberwalen 1934[änneren | Quelltext änneren]

Bei de partielle Chamberwalen 1934 hat d'Onofhängeg National Vereenegung just am Süden eng Lëscht opgestallt. An deem Walbezierk krut si nëmmen 2,6% vun de Stëmmen[8],[9] an den Hubert Loutsch gouf net méi erëmgewielt. Op senger Lëscht hunn 11 Frae kandidéiert, dorënner ënner anerem d'Catherine Kill. Domat war d'Hallschent vun all de Persounen op där Lëscht weiblech.[10]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4. Mäerz 1925, S. 2
  2. "Wahlresultate.", Luxemburger Tageblatt, 4. Mäerz 1925, S. 2
  3. An engem Artikel mat de Walresultater am Luxemburger Wort vum 4. Mäerz 1925 (kuckt uewendriwwer) steet d'Partei am Zentrum Onofhängeg Nationalpartei (net ze verwiessele mat dem Pierre Prüm senger Onofhängeg Nationalpartei) an am Osten als Onofhängeg Vereenegung.
  4. "Betrachtungen über die Wahlen", L'action féminine, Juni-Juli 1928, S. 1-3
  5. "Resultate der Kammerwahlen vom 7. Juni" - Offiziell Walresultater fir de Bezierk Zentrum a Süden, Luxemburger Wort, 9. Juni 1931, S. 3
  6. "Chronique locale" - Offiziell Walresultater fir de Bezierk Zentrum, L'indépendance luxembourgeoise, 9. Juni 1931, S. 3
  7. "Resultate der Kammerwahlen vom 7. Juni" - Offiziell Walresultater fir de Bezierk Zentrum, Obermosel-Zeitung, 9. Juni 1931, S. 2
  8. "Die Kammerwahlen vom 3. Juni", Obermosel-Zeitung, 7. Juni 1934, S. 2 (Resultater fir de Südbezierk)
  9. "Kammerwahlen vom 3. Juni - Offizielles Resultat.", Luxemburger Wort, 6. Juni 1934, S. 5 (Resultater fir de Südbezierk)
  10. "Nach den Kammerwahlen", L'action féminine, Juni-Juli 1934, Nr. 6 a 7, S. 5-6