Fortschrëttlech-demokratesch Partei

Vu Wikipedia

D'Fortschrëttlech-demokratesch Partei (frs: Parti démocratique progressiste) war eng liberal lëtzebuergesch politesch Partei, déi an den 1930er Joren existéiert huet a just am Walbezierk Norden aktiv war.

Si gouf vum Nicolas Mathieu gegrënnt, dee virdrun de Chef vun der Onofhängeger Nationalpartei war.

D'Partie huet nëmmen un de Chamberwalen 1931 deelgeholl, wou si am Norde 35.702 vun 291.280 Stëmme krut, d.h. ronn 12%, an de gewielte Kandidat war den Nicolas Mathieu.[1],[2]

Fir d'Chamberwalen 1937 huet den Nicolas Mathieu mat der Liberaler Partei eng nei Partei gegrënnt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Resultate der Kammerwahlen vom 7. Juni", Luxemburger Wort, 11. Juni 1931, S. 3
  2. "Chronique locale", L'indépendance luxembourgeoise, 11. Juni 1931, S. 2