Liberal Lénk

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Liberal Lénk (frs.: Libéraux de gauche) war eng politesch Partei zu Lëtzebuerg an der Tëschekrichszäit.

Si ass 1925 nom Auserneefale vun der Liberaler Liga entstanen.

Chamberwalen 1925[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwalen 1925 ass si och nach als Liberal Partei opgetrueden an huet nëmmen am Walbezierk Zentrum eng Lëscht opgestallt. Du krut se am Ganzen 39.500 Stëmmen an de Robert Brasseur (6.833 Stëmmen) gouf als eenzege vun der Liberaler Lénk an d'Chamber gewielt. De fréieren Deputéierten Norbert Le Gallais, deen och op där Lëscht stoung, gouf net méi gewielt.[1][2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4. Mäerz 1925, S. 2
  2. "Wahlresultate.", Luxemburger Tageblatt, 4. Mäerz 1925, S. 2