Norbert Le Gallais

Vu Wikipedia
Norbert Le Gallais
Gebuer 17. Abrëll 1860
Siwebueren
Gestuerwen 5. Mäerz 1934
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Entreprener
Famill
Bestuet mat Juliette Metz
Kanner Hugues Le Gallais

Den Norbert Le Gallais(-Metz), gebuer de 17. Abrëll 1860 an der Stad Lëtzebuerg[1] an och do gestuerwen de 5. Mäerz 1934 , war e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker an Industriellen. Seng Mamm war d'Léonie Metz, Duechter vum Charles Metz.

Hien huet Droit studéiert a krut 1884 säin Doktorat. 1890 gouf e Generalsekretär vun der Eecher Schmelz an 1895, nom Doud vum Édouard Metz, hiren Direkter. 1904 gouf d'Gesellschaft, déi d'Schmelz bedriwwen huet, an Le Gallais, Metz & Cie ëmbenannt, an den Norbert Le Gallais huet vum Émile Metz d'Plaz vum Commandité-gérant iwwerholl. An där Funktioun huet hie sech dofir agesat, d'Dummeldenger Schmelz ze moderniséieren.

1911 huet d'Société Le Gallais Metz & Cie mat der S.A. des Hauts fourneaux et forges de Dudelange an der Société anonyme des Mines du Luxembourg et Forges de Sarrebruck fusionéiert, fir doraus d'ARBED ze schafen. Den Norbert Le Gallais koum an de Verwaltungsrot.

Vun 1892 bis 1895 war hie Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, an 1908 gouf hien an d'Chamber gewielt. Hien huet säi Chambersmandat 1916 opginn, fir 2 Joer ausser Lands ze goen, gouf 1919 nees Deputéierten a gouf 1922 erëmgewielt.

1926 huet hie mat der Oppositioun géint e Gestzesentworf vun der Regierung Prüm gestëmmt, deen den Aarbechter bezuelte Congé erméigleche soll. De Regierungschef Pierre Prüm huet dopropshi missen demissionéieren (de Gesetzprojet gouf am November vum selwechte Joer vun der Regierung Bech nees virgeluecht an ugeholl – den Norbert Le Gallais war bei där Ofstëmmung net dobäi). 1931 gouf de Le Gallais, elo op der Lëscht vun der Radikal-liberaler Partei erëmgewielt an huet säi Mandat als Deputéierte bis zu sengem Doud ausgefouert.

Hie war 1906 Matgrënner an éischte President vum Automobile Club luxembourgeois an zanter senger Grënnung 1914 Member vum Verwaltungsrot vum Institut Emile Metz. Bis zum Éischte Weltkrich war hie Konsul vu Groussbritannien.

Den Norbert Le Gallais war zweemol bestuet: Fir d'éischt mat senger klenger Kusin, der Julie Metz, Duechter vum Gustave Metz, mat där e 4 Kanner hat, an déi 1909 gestuerwen ass, a fir zweet mat der Marie-Anne de Gargan, mat där en an der Villa Vauban gewunnt huet.

Den Diplomat Hugues Le Gallais (1896-1965), deen tëscht 1940 an 1958 Ambassadeur zu Washington war, war eent vu senge Kanner aus dem éischte Bestietnes.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. https://www.wikitree.com/wiki/Le_Gallais-27