Rozel Le Gallais

Vu Wikipedia
Rozel Le Gallais
Gebuer 15. Mee 1903
Gestuerwen 27. Juni 1988
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Tennisspiller, Moler

D'Rozel Le Gallais, gebuer de 15. Mee 1903 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 27. Juni 1988 zu Konz[1], war eng lëtzebuergesch Tennisspillerin an Olympionickin.[2]

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden, wou si am Tennis am double-mixed mam Camille Wolff ageschriwwe war, mä deen huet misse forfait erklären.

Nieft dem Sport huet si gemoolt an hat ë. a. am Januar 1974 eng Billerausstellung an der Galerie Marie-Thérèse an der Stad Lëtzebuerg[3].

Si gouf 1932 mam Edmond Reverchon (1893 -1967) bestuet; d'Koppel hat ee Kand, den Eddie Reverchon[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Säit 186
  2. D'Rozel Le Gallais op der Websäit vun der 'AssociationLuxembourgeoise des Olympiens'
  3. Bulletin de documentation - Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg, Janvier-Février-Mars 1974, Säit 41
  4. D'Rozel Le Gallais am Stammbam vun der Famill Boch Gearchiveerd op 2012-10-11. Gekuckt de(n) 2011-06-26.