Partei vum Drëtten Alter

Vu Wikipedia

D' Partei vum Drëtten Alter war eng lëtzebuergesch Partei.

Si ass just eng Kéier, 1999, bei de Chamberwalen ugetrueden, an och nëmmen am Bezierk Süden, a krut dobäi, op aachter a leschter Plaz, 0,4 % vun de Stëmmen. Kuerz duerno huet si sech opgeléist.

President vun der Partei fir den Drëtten Alter war de Jean Schanen.