Groupement fir d'Lëtzebuerger Souveränitéit

Vu Wikipedia

Groupement fir d'Lëtzebuerger Souveränitéit (GLS) war den Numm vun enger lëtzebuergescher Partei, déi bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 am Walbezierk Zentrum an den Europawalen deen nämmlechten Dag, mat un der Spëtzt dem Lex Roth, ugetrueden ass. [1]

Hiert Haaptuleies war et, sech dem Auslännerwalrecht bei Parlamentswalen, an allgemeng enger Europäescher Unioun, déi hirer Meenung no ze séier zesummewuesse géif, ze widdersetzen.[2]

Si gouf a keent vun deene Parlamenter gewielt, an huet 1999 net méi kandidéiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bulletin d'information de de documentation. sip.gouvernement.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-22.
  2. " 'Ein Hauch von polemischer Säure'." wort.lu, 21.06.2018. [Interview mam Lex Roth].