Jacques Gallé
Ausgesinn
Jacques Gallé | |
---|---|
Gebuer |
10. Abrëll 1875 Bouneweg |
Gestuerwen |
28. Mäerz 1945 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Radikal-Liberal Partei |
De Jean François Jacques Gallé, gebuer den 10. Abrëll 1875 zu Bouneweg, a gestuerwen den 28. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur (Geometer) op der Eisebunn a Politiker.[1]
Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 als Deputéierte vun der Radikal-Liberaler Partei an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925, dës kéier fir d'Vereenegt Lénk, erëmgewielt.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[2]
- Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adoplphe de Nassau (Promotioun 1929)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Jean François Jacques Gallé op www.deltgen.com
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Chronique locale - Distinctions an 'l'indépendance luxemboiurgeoise' vum 25. Januar 1929 op der Säit 2 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 5. Januar 2023