Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Ecker

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Ecker
Gebuer 23. September 1869
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. Abrëll 1929
Bissen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker
Partei Rietspartei

De Jean-Pierre Ecker, gebuer den 23. September 1869 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 25. Abrëll 1929 zu Bissen[1], war e lëtzebuergeschen Dokter an Deputéierten.[2]

Hie gouf 1910 zu Biissen an de Gemengerot gewielt, huet awer schonn no 4 Méint do demissionéiert.[2]

Hie war 1914 ee vun de Matgrënner vun der Rietspartei.[2]

Hie war vun 1915 un Deputéierten an der Chamber, gouf awer bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 net direkt erëmgewielt an ass am Februar 1920 an d'Chamber nogeréckelt, wuer hien 1925 erëmgewielt gouf a wou e bis zu sengem Doud Deputéierte war.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce vum Jean-Pierre Ecker am Luxemburger Wort vum 26. Abrëll 1929 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 01.11.2014.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Portrait vum Jean-Pierre Ecker am Klautjen Gemengeblad Bissen 2007 numéro 5 op der Säit 2