Biissen
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Bissen)
Biissen | |
---|---|
Biissen vum Wobierg aus gesinn (2008) | |
An anere Sproochen |
fr: Bissen de: Bissen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Biissen |
Buergermeeschter | David Viaggi |
Awunner | 3.405 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 234 m |
Koordinaten |
49° 47’ 21’’ N 06° 03’ 49’’ O |
Biissen ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm am Kanton Miersch.
Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit am Atertdall, an um Territoire vun der Uertschaft hunn d'Bussbaach an d'Helmeschbaach hir Quell.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm "Bisiceromarkun"[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]Datum | Awunner | Datum | Awunner | Datum | Awunner | Datum | Awunner |
---|---|---|---|---|---|---|---|
01.01.2000 | 2.538 | 01.01.2001 | 2.597 | 01.01.2002 | 2.593 | 01.01.2003 | 2.581 |
01.01.2004 | 2.596 | 01.01.2005 | 2.602 | 01.01.2006 | 2.616 | 01.01.2007 | 2.737 |
01.01.2008 | 2.778 | 01.01.2009 | 2.805 | 01.01.2010 | 2.871 | 01.01.2011 | 2.874 |
01.01.2012 | 2.879 |
Bekannt Leit vu Biissen
[änneren | Quelltext änneren]- Maximilian Cajetan de Bertrand, Industriellen
- Fränz Dasbourg, Moler
- Carlo Hommel, Doumorganist
- Jean-Baptiste Kremer, Jesuitt, Professer op der "Marquette University" zu Milwaukee
- Charles-Frédéric Mersch, Staatsrot
- Aloyse Raths, Resistenzler
- Michel Stoffel, Moler
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Um Wobierg: d'Rochuskapell, d'Kräizstatioun an déi zwéi bemierkenswäert Käschtebeem virun der Kapell;
- Uergel an der Parkierch vu Biissen, gebaut 1891 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid, zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter;
- Beckius-Fresken am Chouer vun der Parkierch vu Biissen, zanter September 1987 op der Lëscht vun de Monuments classés;
- déi fréier Gare Biissen, zanter 2012 e klasséiert Monument;
- d'Biisser Millen;
- d'Graf vum Monseigneur Jacques Mangers um Biisser Kierfecht
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), Bissen seit eh und je. Band 1 (2001) (525 S.) an 2 (2002) (567 S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ An net « Basiccromannum », eng feelerhaft Transkriptioun vum Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie (Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché, Luxembourg 1844, S. 377), déi leider reegelméisseg ze fannen ass. De Feeler gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.