Diskussioun:Biissen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wat solle mer mat dem eidele Billerlink maachen? Les Meloures 13:06, 16. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Menger Meenung no gehéiert d'Bild Biissen-Atert--w.jpg an de Fotoalbum. --Cayambe 15:03, 18. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ech froe mech, firwat mer op eemol mat Timbere sollen hauséiere goen. Ass dat Bild net gutt genuch? Ass et net richteg beliicht? Huet et näischt mam Thema ze dinn? Datt mer neierdéngs en Artikel vu 4 Sätz mat enger Foto a sechs Timberbillercher hunn, ass "net terribel". Soll ech mech iwwer déi "Meenung" wonneren? Datt den Artikel nache puer Sätz Text kéint verdroen, ass, wéi et schéngt, nach kengem opgefall.--Cornischong 15:38, 18. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Awunnerzuel[Quelltext änneren]

Mir sinn zwee Problemer mat den Awunnerzuelen vun der Uertschaft, déi ënner "Bevëlkerung" ze fanne sinn:

  1. Et ass keng Quell uginn an ech fannen och selwer keng. Op der Säit vun der STATEC (https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12861&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=1) zum Beispill ass net no Uertschaft, mee no Gemeng opgeschlësselt. Och op der Säit vun der Gemeng Biissen (http://bissen.lu/) hunn ech näischt fonnt.
  2. Laut STATEC gouf et 2011 an der Gemeng Biissen 2.784 Awunner. Laut dësem Artikel an der Uertschaft Biissen eleng schonn 2.874, wat net si kann. Dat selwecht gëllt fir 2001: Laut STATEC 2.447 Awunner an der Gemeng a laut dësem Artikel 2.597 Awunner an der Uertschaft.

Agefouert gouf d'Tabell an der Versioun https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Biissen&oldid=1404770 vum Benotzer:Spocki. Obwuel anscheinend säit iwwer 5 Joer inaktiv, schreiwen ech besagten Benotzer mol un. Falls sech déi Saach awer net kläert, misst een d'Tabell wuel aus dem Artikel eraushuelen.

--Volvox (Diskussioun) 02:39, 2. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]