Atert (Baach)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Niewefloss vun der Uelzecht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Atert.
Atert
D'Atert zu Useldeng
An anere Sproochen fr: Attert
de: Attert
Längt 38 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 299 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Diddebuerg
Héicht 335 m
Koordinaten 49° 43’ 02.72’’ N
      05° 43’ 35.33’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Colmer-Bierg
Héicht 199 m
Koordinaten 49° 48’ 54.2’’ N
      06° 05’ 46,0’’ O
Geographie
Land Belsch - Lëtzebuerg

D'Atert (fr.: Attert) ass en Niewefloss vun der Uelzecht.

Si entspréngt beim Windelsbësch am Norde vun Diddebuerg an der Belsch an engem geschützte Fiichtgebitt dat als Mardelles de Thiaumont de 26. September 1996 agreéiert gouf.

Tëscht der Uertschaft Atert an Nidderkolpech leeft s'iwwer d'belsch-lëtzebuergesch Grenz. Ee Véirel vun hirem 298,9 km² grousse Baseng läit an der Belsch, dräi Véirel zu Lëtzebuerg.

D'Atert fléisst laanscht d'Uertschafte Nidderkolpech, Ell, Réiden op der Atert, Räichel, Iewerleng, Useldeng, Béiwen op der Atert a Biissen, ier se zu Colmer-Bierg an d'Uelzecht leeft.

De 7. Mäerz 2001 hunn d'Partnergemengen an -associatiounen aus dem Atert-Baseng d'Charta vum Atert-Kontrakt ënnerschriwwen. Déi gesäit eng konzertéiert Bewirtschaftung vum Floss a vu sengem Baseng vir, an huet deem virgegraff, wat an der europäescher Waasserkaderdirektiv vun 2000 virgesinn ass, nämlech eng Gestioun vun de Gewässer op Grondlag vun hirem Baseng, an net vun territoriale Grenzen.

D'Atert ass ronn 38 km laang, dovun 30,5 km op lëtzebuergeschem Territoire.

Nieweflëss vun der Atert[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Lénks:
Riets:
  • Bayermillebaach mat:
    • Ruisseau de Thiaumont
  • Metzerterbaach
  • Peiternellsflass

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Bisser Millen, d'Atert an de Milleweier.
Lénks:
Riets:

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Mirjam Oesch (Text) a Guy Hoffmann (Fotoen): Das Tal der Attert - Portrait einer grenzüberschreitenden Region, an den Éditions Guy Binsfeld, September 2007, et gëtt och eng franséisch Editioun vum Buch. 160 Säiten, 200 Fotoen.
  • Nehrenhausen, Jeannot: 'Un der Atert, no beim Waasser...' Redingens heimliche Lokalhymne, In: Luxemburger Marienkalender. - Jg. 121(2002), p. 126-136, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Atert – Biller, Videoen oder Audiodateien