Un der Atert

Vu Wikipedia

Un der Atert ass e lëtzebuergescht Lidd mat engem Text vum Jean-Pierre Welter op d'Weis vun Oh My Darling, Clementine, enger amerikanescher Western-Ballad.

Ëm wat et am Lidd geet[änneren | Quelltext änneren]

De Bauer Péitche Lauer a seng Duechter Josefin vu Réiden op der Atert hu vill Zodi mateneen, an de Péitche wollt sech scho méi laang vum Josefin trennen.

Wéi dunn d'Josefin enges Daags um Bord vun der Atert ausgerutscht an an d'Waasser gefall ass, léisst de Péitchen et an der Baach mat der Ausried datt hien d'Waasser scheit (net schwamme kann).

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Oh My Darling, Clementine ass 1884 an Amerika entstanen, dat warscheinlech op der Basis vun engem Lidd vun 1864.[1]

De lëtzebuergeschen Text vum Lidd ass 1945 zu Réiden op der Atert entstanen. De Jempi Welter huet sech gär do bei senger Famill opgehalen, ass dacks laanscht d'Atert spazéiere gaangen, an huet sech gär do an der lëschteger Gesellschaft vun de Caféën opgehalen.

Am Zweete Weltkrich, Enn 1944, huet de Welter an engem Café zu Réiden op der Atert en amerikaneschen Offizéier kennegeléiert, deen him enges owes d'Lidd Darling Clementine virgesongen huet.

Gläich drop, ufanks 1945 huet de Jempi Welter op déi Melodie en Text op Lëtzebuergesch geschriwwen. Aus dem Clementine gouf d'Josefin, den anonymmen amerikanesche Goldgriewer gouf de Bauer Péitche Lauer, an aus dem Sacramento River gouf d'Atert.[2]

Text[änneren | Quelltext änneren]

Un der Atert, no beim Waasser,
wou déi grousseg Pëpple stinn,
wunnt de Bauer Péitche Lauer
a säi Meedchen d'Josefin.

Refrain:
O meng Modi, wat e Stodi,
voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg
an da ginn ech Josefin.

Hie war empeg, hat war dëmpeg,
sou eng Nuddelsdampmaschinn.
Hien hat der néng a sengen Händschen,
duerfir zéng hat d'Josefin.

Refrain.

Eemol goung et, eemol stoung et,
bei der Baach eist Josefin.
An du rëtscht et an du glëtscht et,
flups an d'Baach, eist Josefin.

Refrain.

Et huet getuddelt, et huet gespruddelt,
an der Baach eist Josefin.
Well ech awer d'Waasser scheien,
loossen ech leien, d'Josefin.

Refrain.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. den Artikel Oh My Darling, Clementine an der Wikipedia op Englesch.
  2. Fir den Historique cf. Nehrenhausen 2011.