Péilz

Vu Wikipedia
Péilz
Den Dall vun der Péilz op der belsch-lëtzebuergescher Grenz
Längt 3.200 m
Originn
Originn Quell
Plaz Tontel
Héicht 351 m
Koordinaten 49° 42’ 58.96’’ N
      05° 49’ 00.84’’ O
Konfluenz
Leeft an Pall
Plaz Uewerpallen
Héicht 290 m
Koordinaten 49° 43’ 46.9’’ N
      05° 50’ 28.3’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Regioun Guttland
Areler Land
Uertschaften Tontel
Uewerpallen

D'Péilz ass eng kleng Baach an der Belscher Provënz Lëtzebuerg an zu Lëtzebuerg am Kanton Réiden.

Si huet hir Quellen an der Belsch, op der Gewan am Weste vun Tontel Um Bruch, op enger Héicht vu ronn 360 Meter. Am belsche Waasseratlas heescht se Ruisseau de Tontelange.

Vun do aus leeft de dann no Osten, südlech laanscht Tontel an net wäit laanscht déi belsch-lëtzebuergesch Grenz fir dann tëscht de Grenzmaarken LB 123 an LB 124 op Lëtzebuerger Territoire ze kommen. Hire Laf huet bis dohin net vill Gefäll, sou dat sech op den Uwännere kleng Suppe gebilt hunn, déi deelweis mat Hecken a mat Beem bewuess sinn. Vun der Grenz aus gëtt hiren Dall méi schmuel, a si leeft an Direktioun Uewerpallen, wou se nodeem se ënner dem Wee deen op d'Millen an op d'Platinerei féiert, erduercht ass, eng 100 Meter méi wäit an d'Pall leeft.

Revitaliséierung vun der Baach[änneren | Quelltext änneren]

Direkt no der Grenz war d'Baach fréier eng Kéier riicht gezunn ginn. D'Folleg vun där Interventioun war datt d'Baach do méi eng grouss Pente krut, an datt se sech lues a lues méi en déift Bett gegruewen hat. Plazeweis louch se méi wéi 2 Meter méi déif wéi den Terrain ronderëm. Well d'Gemeng Proprietär vun engem groussen Deel vun deem Terrain war, dee scho laang brooch louch, gouf decidéiert op deem Deel eng Renaturéierung ze maachen. Am Hierscht 2010 gouf mat deenen Aarbechten ugefaangen. Dat déift Baachbett gouf mat Material, dat bei der Biogasanlag vu Biekerech ugefall ass, opgefëllt, an de Laf gouf ëmmodeléiert, soudatt säin Thalweg erëm op méi en natierlechen Niveau koum, a bei Héichwaasser den Terrain ronderëm iwwerschwemmt ka ginn. Zousätzlech goufen nach Flutmullen ugeluecht. Am ënneschte Beräich gouf nach e Baseng ugeluecht deen dozou déngt d'Vitess vum Waasser ze bremsen, fir datt op de Parzelle flossof d'Erosioun net ze grouss soll sinn.