Pall

Vu Wikipedia
Pall
D'Pall beim Wäschbuer zu Nidderpallen
Längt 11 km
Originn
Originn 4 Quellen
Plaz Tontel - Bunnert
Héicht 325 m
Konfluenz
Leeft an Atert
Héicht 254 m
Koordinaten 49° 46’ 09.3’’ N
      05° 55’ 01.1’’ O
Haaptnieweflëss Péilz
Merelbaach
Näerdener Baach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Regioun Guttland
Areler Land
Uertschaften Tontel
Uewerpallen
Leewel
Nidderpallen
Réiden op der Atert


D'Pall ass e belsch-lëtzebuergesche Waasserlaf dee seng Quellen an der Belsch tëscht Bunnert an Tontel huet. An der Belsch heescht d'Baach Scherbach, an de belsche Waasseratlas gëtt zwou Quellbaachen un, wovun déi eng hir Quell zu Bunnert huet an déi aner südlech vun Tontel beim Kierfecht. Et ass déi leschtgenannt déi de Weier vun der Platinerei fiddert, an duerno och de Millegruef an de Kanal vum Milleweier vun der Grubermillen.

Si leeft zu Uewerpallen um Diggel an d'Land a kritt nodeem se laanscht d'Päiffeschmillen gelaf ass op der lénkser Säit Gesellschaft vun der Péilz. Vun do leeft se weider no Osten a Richtung Liewel, wou se just virdrun op der rietser Säit vun der Merelbaach gefiddert gëtt.

Hiert relativ staarkt Gefäll a gläichméissege Waasserdebit vun hire Quellen, an dee vun hiren Zouflëss, (all aus der Couche vum Lëtzebuerger Sandsteen) hunn et méiglech gemaach, datt en ettlech Mille laanscht d'Pall konnten ugedriwwe ginn.

Vun uewen no ënne waren dat:

  • an der Belsch:
    • 2 Millen op der Platinerei bei Tontel. Eng ass nach bewunnt, déi aner läit a Stécker do.
    • D'Grubermillen just op der Grenz. Haut ass do eng Pompelstatioun fir d'Drénkwaaser vun der Areler Gemeng.
  • am Lëtzebuergeschen
    • D'Millen zu Uewerpallen Päiffeschmillen, sou genannt nom leschte Besëtzer Peiffer. Se gouf Mëtt der 1990er Jore vun engem Kandskand vum fréiere Besëtzer restauréiert.
    • D'Mille vu Liewel zesumme mat der Merelbaach.
    • D'Mille vun Nidderpallen

Nieweflëss[änneren | Quelltext änneren]

  • Fraebur a Scherbaach bei Bunnert
  • Péilz zu Uewerpallen
  • Merelbaach tëscht Uewerpallen a Biekerech
  • Näerdener Baach zu Nidderpallen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pall – Biller, Videoen oder Audiodateien