Platinerei vu Bunnert

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Platinerei bei Bunnert

D'Platinerei tëscht Bunnert an Tontel ass eng fréier Platinerei a Millen.

Op der Plaz vun der Platinerei gouf et zanter dem 16. Joerhonnert eng Millen. Si huet zäitweis als Follmillen an als Lou- oder Käremille geschafft.

1693 gouf mam Bau vun der Platinerei ugefaangen. Si war vum Marquis de Raggy Schmelzenhär um Pont d'Oye gegrënnt ginn.

Duerch Ierfschaft koum se dunn an de Besëtz vum François-Laurent de Raggy. Well deen net bestuet war a keng direkt Ierwen hat huet e 1742 säi ganze Besëtz dem Charles Christophe de Bost-Moulin vermaach. Deem seng Fra d'Marquise Louise de Lamberty, huet gären op engem grousse Fouss gelieft, an de Bost-Moulin huet seng Geschäfter och vernoléissegt, soudatt en se 1762 dem Lëtzebuerger Affekot François Perl verkaaft huet. Deem seng Ierwen hu sech net vill ëm d'Platinerei bekëmmert an hu se schliisslech dem Pierre Molitor, dee scho jorelaang Platinéiermeeschter do war, am Joer 1811 verkaaft. E puer Joer duerno huet de Molitor d'Nopeschfabréck, déi engem Jean Reuter gehéiert huet, opkaaft.

Säin Ierwen, den Nicolas Molitor, huet 1836 wéinst dem schlechten Ofsaz vu Metallprodukter dunn eng Käremillen draus gemaach. Säi Meedchen, dat mat engem Jean Bourg bestuet war, huet no sengem Doud dunn de Millebetrib weidergefouert. 1895 huet dunn deenen hiert Meedchen, d'Catherine, dat mat dem Antoine Grein vun der Grubermille bestuet war, wéi et Witfra war, der Stad Arel d'Waasserrechter vun der Platinerei a vun der Grubermille verkaaft.

D'Millen op der Platinerei huet nach bis 1950 funktionéiert, an huet duerno nach bis 1960 mat enger klenger Turbinn Stroum produzéiert.

D'Installatiounen, ausser dem Millerad, sinn nach an engem gudden Zoustand, an op der Grubermillen funktionéiert haut nach (Stand: 2014) eng Pompelstatioun fir d'Drénkwaasser vun Arel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Nickers, "La Platinerie", in: "Promenade pedestre transfrontalière". Oberpallen-Tontelange-Guirsch".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]