Pont d'Oye

Vu Wikipedia
Pont d'Oye
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Habay
Koordinaten 49° 44’ 05.10’’ N
      05° 40’ 16.55’’ O

De Pont d'Oye ass e Lieu-dit, deen zur Gemeng Habay (belsch Provënz Lëtzebuerg) gehéiert. Hie läit um Bord vun der Forêt d'Anlier (Ansler Bësch oder och Habicher Wald) an um Uwänner vun der Rulles, déi do zwéi Weiere fiddert. Den Ursprong vum Pont d'Oye geet op eng Schmëdd vum Ufank vum 17. Joerhonnert zeréck, déi do bei der Rulles stoung.

De Pont d'Oye ass bekannt fir säi Schlass (dat, wat elo do steet, geet gréisstendeels op d'19. Jh. zeréck), a fir déi tragesch-romantesch Geschicht vun der Louise de Lambertye, Marquise du Pont d'Oye (18. Jh.).

De belsche Politiker a Schrëftsteller Pierre Nothomb hat d'Schlass am Ufank vun den 1930-er Joren als Residenz fir seng Famill kaaft. Hie läit iwwregens ee klenge Steeworf ewech vum ënneschte Weier begruewen. Eng Zäit laang war d'Anlag, déi virun e puer Joer vun der Famill Nothomb verkaf gouf, en Zentrum fir politesch-kulturell Evenementer an der Groussregioun.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont d'Oye – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon Wocquier, La dernière marquise du Pont d'Oye, Arlon, Éditions Fasbender, 1948.
  • Pierre Nothomb, La Dame du Pont d'Oye (Roman), Arlon, Éditions du Sorbier, 1935.
  • Camille Joset, La Vie amoureuse de Louise de Lambertye, Marquise du Pont d'Oye, Courtrai, Les Éditions Jos.Vermaut, 1944.
  • Edouard Marc Kayser, La petite cour littéraire de la marquise du Pont d'Oye - Un aspect méconnu de la vie culturelle dans le Duché de Luxembourg au Siècle des Lumières; in: Revue luxembourgeoise de littérature générale et comparée, année 1992; Luxembourg, 1992; pp. 67–77.
  • Edouard Marc Kayser: Grandeur et décadence du Pont d'Oye (XVIIe et XVIIIe siècles) - Note d'histoire socio-économique et littéraire; in: Ré-Création 7; Dikrech, APESS-Verlag, 1991; Ss. 107-132.
  • Jacques Herbet (Scenario) & Palix (Biller), La Marquise du Pont d'Oye - La légende de Louise de Lambertye ; Neufchâteau (Weyrich Édition), 2010; 52 Säiten; ISBN 978-2-87489-101-4