Kropemann
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Legend vum Kropemann. Fir de Film vun 2016, kuckt wgl. Kropemann (Film). |
De Kropemann oder Kropemännchen ass e Waassergeescht, deen a Weieren a Waasserleef, virun allem awer a Pëtzer haust an d'Kanner mat sengem Krop an d'Waasser zitt. D'Figur vum Kropemann gouf benotzt, fir de Kanner Angscht virun sou geféierleche Plazen ze maachen a se sou dovun ewech ze halen.[1] Dofir d’Warnung u si: „de Kropemann ass am Pëtz, wann s de dra kucks, dann hëlt en dech!“ oder „bleif mer ewech vun dem Waasser, do sëtzt de Kropemann dran!“.[2]
De Kropemann an der Atert
[änneren | Quelltext änneren]Hautdesdaags huet de Kropemann säi Schreck verluer. De Kropemann vun der Atert, lieft am Folklor als Symbolfigur vun der Gemeng Réiden op der Atert weider.[3]
De Kropemann am Gedicht
[änneren | Quelltext änneren]Wat de Kropemann mecht mat de Kanner, huet sech de Willy Goergen a sengem Gedicht "De Kropemann" esou virgestallt (Text an déi haiteg Orthographie iwwerdroen):
- Am Pëtz do sëtzt de Kropemann.
- Wat mécht hien an deem Waasser dran?
- E lauert mat der Kropestaang
- Bis datt en d'Këndche - jupps - gefaang'.
- Wat wëll e mat deem Këndchen man?
- E späert et a säi Keller an,
- Do ass et däischter, kal an naass.
- D'léift Këndche géng 'rëm gär op d'Gaass,
- Mee 't kann och jäize, jéim're, klo'n:
- t'dëerf nët méi bei séng Mamma go'n.
- Duerfir méng hierzeg Zockergrëtz,
- bleif schéin ewech vum déiwe Pëtz.
- A kuck dach nëmmen nët méi dran,
- Soss kënnt deen uerge Kropemann.
- E kroopt dech an d'Zéif -
- Komm huerteg, méng Spréif!
Soss
[änneren | Quelltext änneren]"Kropemann" ass ee vun deene sëllege Pseudonymer, mat deenen d'Auteure vun der satirescher Wochenzeitung Den Neie Feierkrop hir Artikelen ënnerschreiwen. 2016 koum e Film vum Patrick Ernzer mam Titel Kropemann an de Kino. Kropemann-Info ass e Périodique vun der Gemeng Réiden op der Atert.
D'Lëtzebuerger Post huet am Joer 2022 en Europa-Timber mat dem Thema Kropemann erausginn.[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Nehrenhausen, Jean: De Kropemann, ein Wasserspuk aus abergläubischen Zeiten. Luxemburger Marienkalender 2001, S. 176-185.
- Nehrenhausen, Jean: De Kropemann, eine alte Sagengestalt. In: „De Kropemann“, Informatiounsblat vun der Gemeng Réiden. Redingen-an-der-Attert, 1992, Nr. 11 (Dezember 1992) S. 104-142.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- kropemann.lu E Lëtzebuerger Film ronderëm de Kropemann.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gerry Erang, Child, beware! Is the Kropemann Luxembourg's most terrifying mythical creature? RTL today, 15.07.2019
- ↑ Luxemburger Wörterbuch, Band 2, G–K (C, Q), Luxemburg 1955/62, Nodrock 1987, S. 473.
- ↑ Nehrenhausen, Jean: Le Kropemann, personnage emblématique de Redange. – Der Kropemann, Symbolfigur der Gemeinde Redingen. In: La Commune de Redange-sur-Attert, Die Gemeinde Redingen/Attert. Administration communale de Redange/Attert 2019, S. 50-51.
Hoffmann, René: "Pass op, de Kropemann kënnt!" : Redingen/Attert : eine Sagengestalt als Ursprung eines Volksfestes. Tageblatt, Zeitung fir Lëtzebuerg. Esch-sur-Alzette, Jg. 105, Nr. 226 (28.09.2018), S. 31. - ↑ Kropemann und Melusina im Zentrum der Mythen und Legenden des Europa-Wettbewerbs.