Dräibaach

Vu Wikipedia
Dräibach zu Pass vun der Bréck aus gesinn am Joer 2007

D'Dräibaach [1] ass eng ronn 850 Meter kleng Baach an der Belscher Gemeng Atert.

Si entsteet zu Pass op der Bréck aus dem Zesummefloss vun dräi aner Baachen (dohier den Numm) an zwar der Schakelerbaach, der Passerbaach an dem Foulterflass.

Vun do leeft se no Osten, fir bei Schuedeck an d'Atert ze lafen.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Op de belschen topographesche Kaarten als Dreibaach ze fannen