Rochuskapell vu Biissen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rochuskapell Biissen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kapell vu Biissen
Rochuskapell um Wobierg zu Biissen (2015)
Rochuskapell um Wobierg zu Biissen (2015)
Uertschaft Biissen
Par Biissen
Dekanat Miersch
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Koordinaten 49° 47’ 35.2’’ N
     06° 03’ 34.9’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell an déi zwéi bemierkenswäert Käschtebeem. Iwwer der Entrée: d'Nisch mat der Mater Dolorosa. (Abrëll 2008).

D'Helleg-Kräiz-Kapell um Wobierg zu Biissen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Biissen, zum Parverband Sankt Willibrord Helpert, zu der Pastoralregioun Zentrum, zum Dekanat Miersch an zu der Gemeng Biissen gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Joël Santer vu Bruch.

Si ass dem Hellege Kräiz an der Muttergottes (Mater Dolorosa) geweit, an net wéi de méi geleefege Numm et seet, dem hl. Rochus.

D'Kapell steet an der rue de la Chapelle uewen um Wobierg, dem Hausbierg vu Biissen.

Zur Par Biissen gehéiert ausser der Kapell um Wobierg och nach d'Parkierch vu Biissen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • De geneeën Datum, wéini d'Kapell um Wobierg gebaut gouf, ass net beluecht. De Paschtouer Martin Blum (1886, 1887), dee sech op mëndlech Aussoe berifft, schreift datt an der Pescht-Epidemie aus dem Joer 1636 d'Awunner versprach hunn, eng Kapell opzeriichten, wann d'Duerf net komplett vun der Kränkt géif ausgeläscht ginn.
  • Schrëftlech gëtt d'Kapell fir d'éischt am Visitatiounsbericht vum Joer 1686 ernimmt, wou, op Laténgesch, ze liesen ass, datt de Paschtouer vu Biissen nieft de Kapellen zu Bierg an zu Méchelbuch eng drëtt Kapell ze betreien huet. Dës Kapell gëtt beschriwwen als éischter e klengt Hellegtum, dat dem Hl. Kräiz an der Mater Dolorosa geweit ass. An dëser 3. Kapell gëtt eemol am Mount an op de Festdeeg vum Hl. Kräiz (3. Mee a 14. September) d'Mass gefeiert, an dann och nach um Dag an um Joresdag vun hirer Weiung. (...) Fir den Ënnerhalt vun der Kapell hunn d'Awunner vu Biissen ze suergen.
  • 1768 schenkt de Poopst Benedikt XIV. der Kapell vum hl. Kräiz e Kräizpartikel, dat nach haut am Besëtz vun der Par Biissen ass. Dozou gehéiert eng Urkund déi d'Authentizitéit vum Kräizstéck beleet (d'Urkund gouf vum Gregorius de Lascaris, Patriarch vu Jerusalem, ausgestallt). D'Kräizpartikel ass an enger ovaler Kapsel ënnerbruecht, déi vun engem Kräiz aus Sëlwer gedroe gëtt.
  • Am Joer 1770 gouf d'Kapell an der haiteger Form vun der Duerfgemeinschaft nei opgebaut.
  • Während der franséischer Revolutioun gouf keng Mass méi an der Kapell gelies. Vun 1827 bis 1848 huet d'Kapell als Schoul an als Schoulmeeschterwunnecht gedéngt. Den Altor gouf am Joer 1832 versteet a steet bis haut an der Kapell vun Dellen. No 1848 gëtt d'Kapell a Wunnenge fir aarm Leit ëmgebaut. Bis zu 5 Famillen hunn do gewunnt.
  • De 17. August 1854 ass d'Cholera zu Biissen ausgebrach. Vu Mëtt August bis Ufank Oktober sinn 270 Awunner krank ginn, ongeféier 70 vun hinne sinn un der Krankheet gestuerwen. An dëser batterer Zäit hunn d'Awunner sech un hir Kapell um Wobierg erënnert. Den 18. September gouf mat der Restauratioun ugefaangen an no 14 Deeg waren d'Aarbechte fäerdeg. Den 3. Oktober gouf an enger feierlecher Prëssessioun d'Statu vun der Mater Dolorosa (déi virdrun an der Kapell um Kierfecht stoung) op de Wobierg bruecht an d'Kapell gouf vum deemolege Provikar Adames ageseent. D'Statu vun der Mater Dolorosa gouf nees op hirer aler Plaz, an enger Nisch iwwer der Entrée vun der Kapell opgestallt. Och eng Statu vum hl. Isidor, dem Patréiner vun de Baueren, gouf an der Prëssessioun matgefouert an an der Kapell opgestallt.
  • D'Klack ass aus Stolgoss a gouf de 6. Dezember 1854 vum Mierscher Deche Jean Majerus geseent. Um Rand steet:
CAPELLA SANCTAE CRUCIS
ANNO DOMINI 1854
DEDICATA EST BENAE MARIE DOLOROSA
Am Volleksmond gëtt d'Klack nach "Zampel" genannt. Dat Wuert fënnt een och am "Luxemburger Wörterbuch" (Band 4, Sp. 478b bis 480b):
"Zampel, Zambel (lok. Bissen) F.: 1) kleine Kirchenglocke; 2) einzelner Glockenanschlag"
  • Bemierkenswäert ass, datt a kengem Bericht vun 1854 den hl. Rochus ernimmt gëtt, an datt d'Kapell eleng der Mater Dolorosa, wéi dat scho fréier geschitt war, geweit gouf. Doraus muss ee schléissen, datt d'Uschhafe vun enger Rochus-Statu an d'Veréierung vun deem Hellegen um Wobierg eréischt no 1854, wahrscheinlech no der zweeter Cholera-Epidemie am Joer 1866, agetruede sinn. Och eng Rochus-Reliquie koum am 19. Joerhonnert op Biissen.
  • Am Joer 1931 goufe siwe faarweg Fënsteren an der Kapell ubruecht, dorënner eng mam hl. Rochus. D'Fënstere goufen am Atelier vum Glasmoler Joseph Osterrath zu Léck realiséiert.
  • Fir d'300-Joer-Feierlechkeeten am Joer 1936 goufe verschidden Aarbechte virgeholl, sou datt d'Feierlechkeeten a Presenz vum Bëschof Joseph Philippe am Kader vun enger frësch renovéierter Kapell waren. Och ronderëm d'Kapell ware Verschéinerungsaarbechte realiséiert ginn.
  • Während dem Zweete Weltkrich koumen d'Awunner all Sonndeg an der Kapell zum Rousekranzgebiet zesummen.
  • Den 20. Juli 1973 koum d'Kommissioun vum Service des sites et monuments nationaux bei d'Kapell, wouropshin eng Rei vu Erneierungsaarbechten ausgefouert goufen.
  • Déi lescht Renovéierungsaarbechte ginn op d'Joer 2004 zréck; do krut d'Kapell en neien Ustrach, nei Bänken, Äerdgasheizung, asw.
  • 2004 huet d'Pargemeinschaft dat 150järegt Bestoe vun der Prëssessioun gefeiert. Bei där Geleeënheet ass eng Broschür erauskomm mat der Geschicht vun der Kapell a Berichter vun de Feierlechkeeten.
  • Op Initiativ vum Paschtouer Joël Santer krut d'Kapell am Joer 2010 eng Uergel, déi vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder geliwwert gouf. Se gouf de 26.September 2010 vum Éirendeche Ferdy Fischer ageseent. Un der Uergel hänkt eng Erënnerungsplack un de fréieren Doumorganist a Biisser Jong Carlo Hommel.
  • 2012 krut d'Kapell en neie Klackestull.[1]

Rouchidag (och nach Rochidag)[änneren | Quelltext änneren]

  • Zanter dem 3. Oktober 1854, deemools no kuerze Restauratiounsaarbechten, war all Joer op deem Dag eng feierlech Prëssessioun vun der Parkierch bei d'Kapell an zréck. D'Pilger bieden de Rousekranz a froen den hl. Rochus fir se vu schlëmme Kränkten ze verschounen. An der Prëssessioun gi Statue vun der Muttergottes, dem hl. Rochus, fréiestens zanter 1866, an dem hl. Isidor matgedroen.
  • 2002 gouf decidéiert, d'Prëssessioun net méi um Dag selwer ze feieren, mä um Sonndeg deen dem 3. Oktober am nootste läit, also dem 1. oder 2. Oktobersonndeg. Sou sollen och déi Biisser, déi auswäerts schaffen, d'Méiglechkeet hunn bei der Prëssessioun dobäi ze sinn. Dës Decisioun gouf an engem schrëftlechen Dokument vum 21. Februar 2002 festgehalen, dat vu Vertrieder vun der Par, dem Parrot, dem Kiercherot an dem Gemengerot ënnerschriwwe gouf.

De Kräizwee um Wobierg[änneren | Quelltext änneren]

D'Kräizstatioun bei der Kapell. Déi dräi jonk Beem ersetzen zwou al Lannen déi 1962 ewech geholl goufen.
Déi kënschtlerech wäertvoll Kräizstatioun bei der Kapell (Kopie).

Lénks vum Wee bei d'Kapell steet eng kënschtlerech wäertvoll Kräizstatioun op där een d'Joreszuel 1735 oder 1738 erkenne kann. D'Original gouf 2000 duerch eng Kopie ersat a restauréiert. D'Kopie ass vun de Sculpteure Götz Arndt an Alex Reding.

Si ass déi siwent a leschte Statioun vum Kräizwee dee fréier vum Duerf erop bei d'Kapell gefouert huet. Déi duergestallten Zeen ass, bis op e puer Detailer, identesch mat där vun der Kräizstatioun vu 1737 um Kierfecht zu Simmer, wat drop schléisse léisst, datt béid Statioune vum selwechte Steemetzer realiséiert goufen. Déi Simmer Statioune goufe vun deenen zwéin zougewanderten Tirouler Steemetzer Maximilian Wolfgang a Johann Gregor Beyser geschaaft.[2]

Vun deene sechs anere Statiounen, déi vun onbekannte Steemetzer skulptéiert goufen, sinn nëmmen dräi Kappstécker erhale bliwwen: si sinn an de Mauere vun dräi Haiser lénks laanscht d'Strooss um Wobierg agebaut (Haiser Nr. 37, 41 a 45).

Bemierkenswäert Beem bei der Kapell (fréier an haut)[änneren | Quelltext änneren]

  • Virum Agank vun der Kapell stinn zwéi Käschtebeem (Aesculus hippocastanum L.; Rosskastanie; marronnier d'Inde), déi wéinst dem Zesummespill mat der Kapell zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren. De geneeën Alter vun de Beem ass net bekannt.
Den Ëmfank vum Stamm vum déckste vun deenen zwéi Beem, op Broschthéicht gemooss, huet folgendermoossen zougeholl:
1980: 2,85 m bei enger Gréisst vu 15 m;
ëm 2000: 2,82 m bei enger Gréisst vun 18 m.
  • Bis 1962 stounge lénks a riets vun der Kräizstatioun zwou ural Wanterlannen, mat engem Stammëmfank vun iwwer 5 m, déi als national Monumenter klasséiert waren. Obschonn hir Haaptäscht verankert gi waren, hunn déi zwéi Beem am Juni 1962 mussen ëmgeluecht ginn. Si goufen duerch dräi jonk Lannebeem ersat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, Martin, 1886/7. Die dem hl. Rochus geweihte Kapelle auf dem sog. 'Wauberg' zu Bissen. Illustrirter Luxemburger Familienkalender Joergäng 1886 an 1887.
  • Kalmes, Victor, 2001. Bissen seit eh und jeh. Band 1. 526 S. (Cf. S. 173-208: Die Kapelle auf dem Woberg). Gemeindeverwaltung Bissen. Sankt-Paulus-Druckerei A.G.
  • D'Kapell um Wobierg "d'Rochuskapell". 150 Joer Prëssessioun 1854-2004. Erausgi vum Organisatiounscomité vun de Festivitéite vum "Rouchijoer" zu Bissen 2004. 146 S. Dréckerei J.P. Watgen, Lëtzebuerg. ISBN 2-87996-800-3. (Cote Nationalbibliothéik Lëtz.: LB 45609).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 112-113, Foto an Text).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 144-145, Text a Foto.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rochuskapell vu Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (C.), 2012. "Rouchidag" in Bissen. Luxemburger Wort vum 5. Oktober 2012, S. 20.
  2. Alex Langini, 2004. Die "Via Crucis" am Wobierg. In: D'Kapell um Wobierg, "d'Rochuskapell", 150 Joer Prëssessioun 1854-2004. S. 30